Léon Berens

Lëtzebuerger Industriellen
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Léon Berens, gebuer den 8. Mee 1895 zu Rëmeleng a gestuerwen den 10. November 1975 zu Esch-Uelzecht,[1] war e lëtzebuergeschen Industrielle vu Rëmeleng.

Léon Berens
Gebuer 8. Mee 1895
Rëmeleng
Gestuerwen 10. November 1975
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Industriellen

Scho säin Ur-Grousspapp Jean Berens-Breyer huet 1807 ugefaang op der Heed Kalleksteng ze briechen[2] an ugefaang Minett an Däitschland a Frankräich z'exportéieren. Säi Grousspapp Jacques Berens (1826-1902) huet d'Minières Berens, Rumelange gegrënnt[3]. Nieft verschiddene Minièren hat de Léon Berens och d'Kalleksiewen um Kierchbierg.

En ass 1915 an den industrielle Betrib vu sengem Papp Jean Berens-Jost (1859-1923) agetratt, a leedender Positioun.[4]

1928 ass e fir déi liberal Radikal Partei mat an d'Chamberwale gaangen.[5] Seng Partei krut am Bezierk Süd awer just zwee Sëtz an hie war den zwieleften.[6]

Am November 1941 war en zu Hinzert inhaftéiert[7] wéinst dem Verdacht der Resistenz Suen iwwerwisen ze hunn[8], mä no net allzelaanger Zäit koum en nees fräi a gouf vun der Kreesleedung als Verwaltungsbäirot vun der Gewerkschaft Lützelburg agesat (déi ausser den Hüttegrouwen all aner Grouwen zesummegefaasst huet)[9].

Hee war laang Jore President vum Syndicat d'Initiative vu Rëmeleng. Vun 1916 bis 1946 war en och President vum Rëmelenger Tennisclub[10].

De Betrib huet laang Zäit floréiert, 1949 hat de Léon Berens 146 Mann beschäftegt.[11]

De 16. Abrëll 1960 gouf seng Faillite gesprach[12]. 1961 gouf d'Minière Berens zougemaach.

Seng Villa mat engem klenge Park stoung an der Brunnestrooss hanner dem Bricheschhaff.

Hie war mat der Emilie Lecuit bestuet[13]. Si ass den 10. Oktober 1956 zu Rëmeleng verscheet[14].

Literatur änneren

  • Minières Berens Rumelange. Revue N° 46 vum 15. November 1952 S. 12-17 mat 28 Fotoen
  • Minières Berens zeigt neue Kalköfen. Revue N° 21 vum 21. Mee 1955 S. 31

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Luxroots.com
  2. d'Lëtzebuerger Land, 26. Juli 1957
  3. A-Z Luxemburger Illustrierte, Nr. 12 vum 22. Mäerz 1936
  4. Luxemburger Wort, Nr. 347 vum 13. Dezember 1945 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2017-11-15.
  5. Luxemburger Wort, Nr. 132 vum 11. Mee 1928 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2017-11-15.
  6. Luxemburger Wort, Nr. 158 vum 6. Juni 1928 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2017-11-15.
  7. Tageblatt, Nr 301 vum 29. Dezember 1949 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2017-11-15.
  8. Tageblatt, Nr 14 vum 17. Januar 1947 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2017-11-15.
  9. Tageblatt, Nr 30 vum 6. Februar 1950 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2017-11-15.
  10. Historique vum TCRK
  11. Tageblatt, Nr. 173 vum 29. Juli 1949 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2017-11-15.
  12. Memorial No 30 vum 25. Mee 1960, S. 784
  13. Gemeng Keel - Léiffrächen Gearchiveerd op 2017-12-20. Gekuckt de(n) 2017-11-15.
  14. Doudeskaart, 1956