Kierch Pënsch

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Pënsch ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Kiischpelt gehéiert.

Kierch vu Pënsch
Filialkierch vu Pënsch (2006)

Filialkierch vu Pënsch (2006)
Filialkierch vu Pënsch (2006)
Uertschaft / Plaz Pënsch
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Maximäin
Koordinaten 49° 59’ 35.4’’ N
      06° 00’ 43.1’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kierch aus nordëstlecher Richtung gesinn

D'Kierch steet zu Pënsch op der Houserstrooss, dem CR324. Ronderëm d'Kierch sinn d'Reschter vum ale Kierfecht ze gesinn.

D'Kierch vu Pënsch gouf de 6. Mee 1980 zesumme mam ale Kierfecht ronderëm op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen. De 7. Dezember 2001 koum d'Uergel an der Kierch dobäi.[1]

Patréiner

änneren

De Patréiner vun der Pënscher Kierch ass den hellege Maximäin, deem säi Fest den 29. Mee gefeiert gëtt. Déi zweet Patréinesch ass d'helleg Apollonia nieft dem hellege Blasius an dem hellegen Niklos. De Patréiner vum ganze Kiischpelt ass zanter 1748 den hellegen Donatus.

Par Pënsch

änneren

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Pënsch, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet.

Zur fréierer Par Pënsch huet ausser der Parkierch vu Pënsch och nach d'Filialkierch vun Äischer, d'Kapell vu Lellgen an d'Filialkierch vu Wëlwerwolz aus der Gemeng Kiischpelt, an d'Filialkierch vun Draufelt an d'Kapell vu Siwwenaler aus der Gemeng Klierf gehéiert.

Pënsch war eng vun den eelste Paren aus dem Éislek, eng vun deene sougenannte Mammekierchen, an och déi eelst Par vum Parverband Kiischpelt. Zanter dem 8./9. Joerhonnert stoung hei eng Parkierch. Warscheinlech huet dës Par ursprénglech bis zum 8. Joerhonnert zur Diözees Tréier gehéiert. En Hiwäis dorop fanne mer beim Patrozinium, deen dem Hl. Maximäin geweit ass, dem 5. Bëschof vun Tréier (329 - 346).

Geschicht

änneren

Zanter dem 8. Joerhonnert huet Pënsch bis zur franséischer Revolutioun zur Diözees Léck gehéiert. De Klackentuerm ass aus dem 11. Joerhonnert, an ass warscheinlech vun der zweeter Kierch, déi hei gebaut ginn ass.

No engem Brand 1738 ass d'Kierch vum Entreprener Andreas Schlotter vu Wolz nei gebaut ginn, an 1879 ëm zwou Fënstere verlängert ginn.

Déi zwou al Klacke goufen no der franséischer Revolutioun 1803 ugeschaaft fir déi Klacken z'ersetzen, déi hu missen ofgeliwwert ginn. Si goufe vum franséische Wandergéisser Pierre Boitel vun Illoud op der Plaz gegoss an hate wéi vill Klacken aus där Zäit kee besonnesch gudde Klank. An der Ardennenoffensiv 1944-1945 gouf d'Kierch zimmlech staark beschiedegt.

Bis 1949 ass d'Kierch ënner dem dynamesche Paschtouer Joseph Hurt frësch opgeriicht ginn. Eng lescht grouss Restauratioun war vun 1981-1986 ënner dem Paschtouer René Jungels. D'Sakristei, als eelsten Deel vun der Kierch, gouf 2002 ënner dem Paschtouer Francis Erasmy komplett restauréiert. An engems gouf eng nei Altorinsel an de Chouerraum integréiert.

Klacken

änneren

E ganz grousse Projet war am Joer 2003 d'Restauratioun vum Klackentuerm an d'Uschafe vu 4 neie Klacken, fir sou e Gelauts vu 6 Klacken ze schafen. Déi 4 nei Klacke goufe vum Klackegéisser Hermann Schmitt, haut Äifeler Klackegéisserei, vu Brockscheid an der däitscher Äifel gegoss.

D'Kierch vu bannen

änneren
 
D'Kierch vu Pënsch, bannen

De ganze Miwwel an d'Statue vun der Pënscher Kierch - souguer de Sakristeischaf - ass tëscht 1739 an 1744 vum Lëtzebuerger Schräinermeeschter a Sculpteur Jean-Georges Scholtus (ëm 1680-1754) realiséiert ginn, deem säin Atelier zu Baaschtnech am deemolege Lëtzebuerg war.

Den Héichaltor, dee vu mächtege Sailen ëmrummt ass, huet an der Zentralnisch eng Statu vum Bëschof Maximäin, mat als Attribut engem Bier. An där méi klenger Nisch uewendriwwer ass eng méi nei Statu vum Apostel Thomas. Den Zelebratiounsaltor weist en Ecce homo.

De rietsen Niewenaltor weist eng Statu vun der Hl. Apollonia, mat uewendriwwer enger Statu vun der Hl. Barbara. De lénksen Niewenaltor weist eng Muttergottesstatu, an an enger Nisch uewendriwwer eng Statu vum Hl. Franz Xaverius.

Un der lénkser Mauer ass ee Priedegtstull ugemaach. U béide Maure sti jeeweils zwéi Beichtstill.

An der Sakristei, deem urspréngleche Chouer vun der aler Kierch, ass ee klenge Fresko ze fannen, zirka aus dem 13. Joerhonnert.

 
D'Uergel vun der Kierch vu Pënsch

D'Uergel mat enger pneumatischer Traktur ass 1899 vun de Bridder Müller vu Reifferscheid aus Däitschland gebaut ginn. Si huet 12 Regëster déi op 2 Manualen an d'Pedall verdeelt sinn. D'Uergel gouf, wéi déi ganz Kierch, op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.

Am Joer 2005 huet déi klasséiert Uergel misse komplett sanéiert a restauréiert ginn.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Kierch Pënsch.

Literatur

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kierch Pënsch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).