Kierch Äischer

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Äischer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Kiischpelt gehéiert.

Kierch vun Äischer
Filialkierch vun Äischer (2006)

Filialkierch vun Äischer (2006)
Filialkierch vun Äischer (2006)
Uertschaft / Plaz Äischer
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Laurentius
Baujoer 1765
Koordinaten 49° 59’ 56.2’’ N
      05° 59’ 23.7’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Laurentius, deem säi Fest den 10. August gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellegen Antonius mam Schwäin. Eng schéin al Statu steet hei vum Äerzengel Michael.

D'Kierch steet op enger Knupp an enger Säitestrooss vun der Strooss Iewescht Duerf.

Geschicht änneren

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Pënsch, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet.

Zur fréierer Par Pënsch huet ausser der Filialkierch vun Äischer och nach d'Parkierch vu Pënsch, d'Kapell vu Lellgen an d'Filialkierch vu Wëlwerwolz aus der Gemeng Kiischpelt, an d'Filialkierch vun Draufelt an d'Kapell vu Siwwenaler aus der Gemeng Klierf gehéiert.

D'Kierch vun Äischer gëtt schonn an engem Visitatiounsbericht 1635 ernimmt. Déi haiteg Kapell gouf 1765 nei gebaut an 1909 mat engem Duxall an engem Klackentiermche vergréissert. Den Altor schéngt aus dem 18. Joerhonnert ze sinn.

Déi zwou Klacke goufen 1921 vum Klackegéisser Stoermer vun Erfurt gegoss, a sinn haut eng Raritéit, well vun dësem Géisser an Däitschland bal alles am Zweete Weltkrich zerstéiert gouf.

Literatur änneren

  • Schmitt, Michel: Die Kirchen und Kapellen im Pfarrverband Kiischpelt, 2003, Verlag Schnell & Steiner, Regensbuerg, 32 S. ISBN 3-7954-6476-5
  • (MiNi), Restaurierte Kirche in Enscheringen wurde am Wochenande eingeweiht. Luxemburger Wort vum 12. Juni 2012, S. 24.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Äischer – Biller, Videoen oder Audiodateien