Kapell Siwwenaler

kathoulesch Kapell

D'Kapell zu Siwwenaler ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Clierf Saint-Benoît, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Klierf gehéiert.

Kapell vu Siwwenaler
Kapell vu Siwwenaler (2006)

Kapell vu Siwwenaler (2006)
Kapell vu Siwwenaler (2006)
Uertschaft / Plaz Siwwenaler
Par Clierf
Saint-Benoît
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Lambertus
Baujoer 1628
Koordinaten 50° 00’ 35.7’’ N
      06° 01’ 32.0’’ O
De Chouer vun der Siwwenaler Kapell

De Chouer vun der Siwwenaler Kapell
De Chouer vun der Siwwenaler Kapell
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Lambert deem säi Fest den 18. September gefeiert gëtt. Niewepatréiner sinn d'helleg Anna an den hellege Quirinus.

Se steet zentral am Duerf op der Kräizung vun der Haaptstrooss, dem CR343, mat der Strooss fir op Buckels.

Geschicht änneren

Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell vun der Par Pënsch, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur Par Pënsch huet ausser der Kapell vu Siwwenaler och nach d'Parkierch vu Pënsch, d'Filialkierch vun Äischer, d'Kapell vu Lellgen, d'Filialkierch vu Wëlwerwolz an d'Filialkierch vun Draufelt gehéiert.

D'Kapell staamt an hirer ursprénglecher Form vu 1628. 1780 krut se en neit Portal. De wäertvollen Altor ass aus dem spéide 17. Joerhonnert. D'Kräiz uewen um Altor ass méi al. Déi eenzeg Klack ass vun zirka 1852.

Am Januar 2005 si véier Fënstere komplett restauréiert an nei verbläit ginn.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kapell Siwwenaler – Biller, Videoen oder Audiodateien