Haaptmenü opmaachen
Kierch vu Wëlwerwolz
Filialkierch vu Wëlwerwolz (2014)
Filialkierch vu Wëlwerwolz (2014)
Uertschaft / Plaz Wëlwerwolz
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Willibrord
Konsekratioun 1963
Architekt(en) L. a G. Gaul
Baujoer 1960-63
Koordinaten 49° 59’ 16.8’’ N
05° 59’ 53.4’’ O
Banneraum vun der Kierch
Banneraum vun der Kierch
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Wëlwerwolz ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Kiischpelt gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Willibrord, deem säi Fest de 7. November gefeiert gëtt.

Se steet am westlechen Deel vun der Uertschaft op der Kräizung vun der Strooss Am Duerf, dem CR331, an der Wëltzerstrooss, dem CR324.

GeschichtÄnneren

Bis de 7. Mee 2017 war et eng Filialkierch vun der Par Pënsch, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet.

Zur fréierer Par Pënsch huet ausser der Filialkierch vu Wëlwerwolz och nach d'Parkierch vu Pënsch, d'Filialkierch vun Äischer an d'Kapell vu Lellgen aus der Gemeng Kiischpelt; d'Filialkierch vun Draufelt an d'Kapell vu Siwwenaler aus der Gemeng Klierf gehéiert.

Den Numm Wëlwerwolz kënnt vu “Willibrordus-Wiltz” ("Wylwert", "wulwer", "wulfert" sinn al volkstümlech Bezeechnunge fir de Willibrord). Déi eelst Urkund, déi mer vu Wëlwerwolz kennen, ass eng Schenkung vu 768-69, wou Lännereien zu Wëlwerwolz un d'Abtei Iechternach verschriwwe goufen.

Enger aler Legend no ass de Willibrord selwer duerch dës Géigend gezunn an huet engem Bauer déi Quell geschenkt, déi haut nach do ass: de Willibrordusbur. 1934 gouf d'Quell nei gefaasst an eng Kapellchen driwwer gebaut.

D'GebaiÄnneren

Déi al Kierch vu Wëlwerwolz war bis zur franséischer Revolutioun d'Kapell vum Schlass (Herrschaft vu Wëlwerwolz). De Grondrëss vun der aler Kierch kann een nach op der Parkplaz nieft der neier Kierch gesinn.Den 28. Juli 1963 ass déi nei Kierch ageweit ginn, déi no de Pläng vum Léon a Guillaume Gaul gebaut gouf.

De MobiliarÄnneren

D'Säitenaltär lénks a riets an der neier Kierch stamen aus der Virgänger kierch. Den Altor lénks war de Säitenaltor vun der fréierer Kapell a gouf 1745 vum Weibëschof vu Léck zu Éiere vum hellege Wendelin konsekréiert. Haut ass et e Muttergottesaltor op deem nieft dem Wendelin och eng Statu vun der Muttergottes ze gesinn ass. De rietse Säitenaltor war den Héichaltor vun der fréierer Kapell a staamt aus dem 17. Joerhonnert.

Allen zwéi goufe se 1964 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Inventaire supplémentaire agedroen.[1]

D'StatuenÄnneren

Um Säitenaltor riets steet eng al Statu vum Hl. Willibrord. Iwwer dem Hl. Willibrord fanne mer eng Duerstellung vun der Hl. Katharina vum Jean-Georges Scholtus aus dem 18. Joerhonnert. Aus därselwechter Zäit sinn déi zwou Statuen am Kiercheschëff vun de Bridder Ewald, dem Hl. Willibrord senge Gesellen.

D'UergelÄnneren

 
D'Stahlhut Uergel an der Kierch vu Wëlwerwolz

D'Uergel, mat enger elektropneumatischer Traktur, ass vun der Uergelmanufaktur Georg Stahlhuth vun Oochen gebaut ginn. Si huet 19 Regëster, déi op 2 Manualen an d'Pedall verdeelt sinn. Si gouf 1914 fir d'Dominikanerinneklouschter um Lampertsbierg gebaut an ass 1997 vun der Uergelmanufaktur Georges Haupt an 2010 vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder restauréiert ginn. D'Instrument gouf am Joer 2010 vum fréiere Klouschter um Lampertsbierg an d'Kierch zu Wëlwerwolz transportéiert.

D'KlackenÄnneren

Déi zwou al Klacken, déi am Ufank an der Kierch ware, stamen aus der fréierer Kapell. Déi eelst gouf 1769 am Atelier Heintz zu Tréier gegoss; déi aner 1882 zu Saarburg an der Géisserei Mabilon.

Am Joer 2006 koume 5 nei Klacken dobäi, déi an der Klackegéisserei vun der Benediktinerabtei Maria Laach an der däitscher Äifel vum Brudder Michael Reuter OSB gegoss goufen. Vun deenen ale Klacke gouf nëmmen déi vu 1769 bäibehalen, soudatt elo 6 Klacken am Tuerm hänken.

LiteraturÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren