Hiwwelpark
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Hiwwelpark ass en ëffentleche Park zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg.
Am Hiwwelpark | |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Gaasperech |
Koordinaten | 49°35'0,06"N, 6°7'58,26"O |
Ugeluecht | 2001 |
Bauhär | Administration des ponts et chaussées |
Fläch | 5,76 ha |
De Park mat zwéi Weieren huet eng Fläch vun ongeféier 5,76 ha a gouf an de Joren 2000/2001 vun der Bauverwaltung am Kader vum Bau vum Tunnel Rangwee ugeluecht[1]. E läit no bei der Grenz mat der Gemeng Hesper, tëscht dem Tunnel Rangwee am Norden, der A3 am Westen a Süden an der Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Beetebuerg am Osten.
An de Park kënnt een entweeder vun der Houwalder Säit aus duerch den Tunnel Rangwee oder vu Gaasperech aus iwwert e Wee deen an der Rue de la Francophonie fort geet an dann hannert dem Gebai vum CNIS erduerch bei eng metalle Bréck iwwert d'A3 féiert.
Zanter datt am Süden an Oste vum Park d'Aarbechten am Gaang si fir d'Tramsstreck, d'Bréck iwwert d'Gare Houwald an d'Y-Bréck ze bauen, ass de Park net méi accessibel.
Biller
änneren-
D'Passerelle déi iwwert d'A3 ewech an den Hiwwelpark féiert
Um Spaweck
ännerenCommons: Hiwwelpark – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Ministère des travaux publics, Rapport d'activité 2001, S. 30 op gouvernement.lu, gekuckt de 25. Mäerz 2020