De Perigeum (nooste Punkt bei der Äerd) vun engem Himmelskierper ass den Zäitpunkt a seng Positioun vun den Apside par Rapport zur Äerd.

  • De Perigeum ass den nooste Punkt zu der Äerd.
  • Den Apogeum bezeechent de gréissten Ofstand zu der Äerd.
X ass de Perigeum an Y ass den Apogeum vun der Ëmlafbunn
F: Perigeum
H: Apogeum
Animatioun vum Moundmount

Äerdmound änneren

Nieft Apogeum a Perigeum sinn och d'Moundphase souwéi d'Libratioun als „Torkelen“ ze beuechten. Beim Äerdmound ënnerscheede sech déi béid Distanzen (Perizentrumdistanz) ëm iwwer 13 Prozent, well d'Moundbunn eng däitlech elliptesch Form huet (Exzentrizitéit 0,055). Déi grouss Hallefachs vun der Bunn ass 384.405 km, d'Äerddistanz variéiert tëscht 356.410 a 406.740 km am Rhythmus vum Anomalistesche Mount. Duerch déi visuell Gréisst vun der Moundscheif ass d'Distanz och entscheedend fir d'Aart vun enger Sonnendäischtert: Fält den Termin vun der Däischtert zum Perigeum, ass den Äerdmound relativ grouss an d'Däischtert vollstänneg, beim Apogeum awer nëmme rankfërmeg.

Planéiten änneren

Bei Planéiten ass den Apogeum no bei der Oppositioun, widderhëlt sech also entspriechend der synodescher Period ongeféier all Joer (baussenzeg Planéiten) bis all zwee Joer (Mars). D'Planéite baussenzeg vun der Äerdbunn ginn dann am Perigeum réckleefeg (Planéiteschleef). D'synodesch Period vun de bannenzege Planéiten ass mat ronn véier Méint (Merkur) resp. annerhalleft Joer (Venus) am Verhältnes däitlech méi kuerz.

Koméiten änneren

Bei Koméite kann de Perigeum no beim Perihel leien, bei schmuele Bunnellipsen awer och e puer Woche bis Méint vir- oder duerno. Déi genee Situatioun hänkt vun der [[Inklinatioun (Astronomie)|Bunnschréi géint d'Ekliptik a virun allem vun der Äerdstellung zum Perigeum of. Beim Koméit Machholz (Ëmlafzäit 120.000 Joer) leien déi zwéin Zäitpunkten ongeféier 20 Deeg auserneen, an déi zwou Distanze bedroen 0,347 resp. 1,205087 AE. Wann e Koméit vun der Äerdsäit hierkënnt, da läit säi Perigeum op der anerer Säit vun der Sonn an déi klengst Distanz ass meeschtens iwwer 1 AE.

Asteroiden änneren

Asteroide mat engem Perigeum dee méi kleng ass wéi de Moundbunnradius bezeechent een als Äerdbunnkräizer. Hir Observatioun a Kartéierung ass e wichtege Projet: E Perigeum vu manner wéi een Äerdradius bedeit een Impakt (Aschlag op der Äerduewerfläch).

Raumfaart änneren

Satellitte gi bei groussem Perigeumverhältnes zum mëttlere Bunnradius (grouss Exzentrizitéit) als Highly-Elliptical-Orbit-Satellit (HEO) bezeechent.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren