Infrared Space Observatory

Den Infrared Space Observatory (ISO) war een als Observatoire bedriwwene Weltraumteleskop fir den Infraroutberäich vun 2,4-240 µm.

Den ISO gouf vun der europäescher Raumfaartorganisatioun mat Ënnerstëtzung vun der NASA an dem japanesche Raumfuerschungsinstitut ISAS entwéckelt. Déi véier Instrumenter goufe vu Konsortien aus verschiddenen europäesche Länner geliwwert. D'ISO-Teleskop hat en Haaptspigelduerchmiesser vu 60 cm a war fir d'Ënnerdréckung vu senger eegener Wäermestralung mat flëssegem Helium gekillt. Den ISO gouf de 17. November 1995 um 1:20 Auer UTC mam Arianespace-Fluch V 80 u Bord vun enger Ariane 44P vun der Raumfaartgare Kourou an eng Ëmlafbunn tëscht 500 an 71.850 km Héicht mat 5,25° Equatorschréi gestart. Den ISO hat du virum Observatiounsufank seng Bunn an eng 1038 bis 70.578 km Héich Ëmlafbunn mat 5,2° Equatorschréi a 24 Stonnen Ëmlafzäit verännert.[1] Den nominelle Betrib vum Satellit hat bis zum Manktem vum Killmëttel den 8. Abrëll 1998 gedauert. Duerno konnt bei passiver Killung mat e puer vun den Detekteren nach bis den 10. Mee 1998 weider observéiert ginn. Den ISO hat am Ganzen iwwer 26.000 Observatiounen am Optrag vun iwwer 500 Astronomenteame gemaach.

Den ISO hat véier Observatiounsinstrumenter:

  • d'Infraroutkamera ISOCAM, déi mat zwéin Detektere vu jee 32-mol 32 Bildelementer de Wellelängteberäich 2,5-17 µm ofgedeckt hat;
  • de Photopolarimeter ISOPHOT fir de Wellelängteberäich 2,5-240 µm;
  • de Kuerzwellespektrometer SWS fir de Wellelängteberäich 2,4-45 µm;
  • de Laangwellespektrometer LWS fir de Wellelängteberäich 45-197 µm.

Resultater änneren

Den ISO konnt op d'Resultater vun der IRAS-Missioun, besonnesch vun hirer Himmelsduerchmusterung, opbauen. Trotz der selwechter Teleskopgréisst wéi den IRAS war den ISO wéinst de weiderentwéckelten Instrumenter an de spezielle spektroskopesche Fäegkeete méi leeschtungsfäeg fir d'Ënnersich vun eenzelen Objeten. Zu de wichtegsten Entdeckungen déi den ISO zu der Infraroutastronomie bäidroe konnt gehéieren:

  • Entdeckung vu Waasser op villen Objeten, vu Planéiten aus eisem Sonnesystem bis zu wäit distanzéierte Galaxien
  • Moleküllen, Äisverbindungen a cheemesch Prozesser am interstellare Medium an der Ëmgéigend vu Stären
  • Energiequellebestëmmung vun Infraroutgalaxien
  • Entdeckung vun Infraroutgalaxië bei enger Routverrécklung ëm 1, déi am fréien Entwécklungsstadium vum Universum méi heefeg wéi haut waren.

Technesch Daten änneren

ISO[2]
Startmass 2498 kg
Kryostat 2250 l suprafluides Helium-4, Temp. 1,8 K.
Héicht 5,3 m
Duerchmiesser oder Breet 2,3 m
Spigelduerchmiesser 60 cm
Asazdauer zirka 2 Joer a 7 Méint
Bunn Äerdëmlafbunn 1038 – 70.578 km héich
Drorakéit Ariane 44P
Startdatum 19. November 1995
Missiounsenn 16. Mee 1998

Referenzen änneren

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2006-10-16. Gekuckt de(n) 2006-10-16.
  2. Daten aus: https://web.archive.org/web/20061016095154/http://esapub.esrin.esa.it/br/br200/ISO.pdf

Um Spaweck änneren


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (19771997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)