Indiana Jones and the Temple of Doom

Film vum Steven Spielberg

Indiana Jones and the Temple of Doom (Indiana Jones und der Tempel des Todes, Indiana Jones et le temple maudit) ass den zweete Film aus der Indiana Jones-Trilogie.

Indiana Jones and the Temple of Doom
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1984
Première 23. Mee 1984
Dauer 114 min
Faarf Faarweg
  DeLuxe Color
Format 2,35:1
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Steven Spielberg
Dréibuch Willard Huyck,
Gloria Katz,
George Lucas
Fotografie Douglas Slocombe
Musek John Williams
Schnëtt Michael Kahn
Costumedesign Anthony Powell
Produzent Kathleen Kennedy
George Lucas
Frank Marshall
Robert Watts
Produktiouns-
gesellschaft
Lucasfilm,
Paramount Pictures
Schauspiller
Harrison Ford als Indiana Jones
Kate Capshaw als Willie Scott
Jonathan Ke Quan als Short Round
Amrish Puri als Mola Ram
Roshan Seth als Chattar Lal
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

No enger klenger Meenungsverschiddenheet an enger Bar zu Hong Kong lant den Archeolog Indiana Jones zesumme mam 12 Joer ale Short Round an der Sängerin Willie am déifsten indeschen Dschungel. Do fanne si e klengt Duerf wou d'Awunner gleewen, datt iergendeng béis Muecht hir Kanner klaut, nodeem en hellege Steen aus dem Duerf verschwonnen ass. Den Indy mécht sech also op de Wee dëse Steen ze fannen, a geréit dobäi un de Kali-Kult.

Zitater änneren

  • Indiana Jones: Willie, Willie, Willie. What kind of a name is that ? Is it short for something ? - Willie: Willie is my professional name, Indiana. - Short Round: Hey, lady! You call him Dr. Jones! - Indiana Jones: *My* professional name.
  • Willie: Ooh, what big birds! - Indiana Jones: Those aren't big birds, sweetheart! They're giant vampire bats!

Triviales änneren

  • D'Sharon Stone war virgesi fir d'Roll vum Willie bis zum Kate Capshaw senger Auditioun.
  • Bei den Dréiaarbechte vun Indiana Jones and the Temple of Doom huet de Steven Spielberg seng spéider Fra, d'Kate Capshaw, kennegeléiert.
  • De Club um Ufank vum Film heescht Club Obi Wan, eng Referenz un d'Star Wars-Filmer vum George Lucas.

Gielercher änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren