Raiders of the Lost Ark

Film vum Steven Spielberg (1981)

De Film Raiders of the Lost Ark (Jäger des verlorenen Schatzes, Les Aventuriers de l'arche perdue) ass den éischten Deel vun der Indiana Jones-Trilogie.

Raiders of the Lost Ark
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1981
Première 12. Juni 1981
Dauer 115 min
Faarf Faarweg
Format 2,35:1
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Steven Spielberg
Dréibuch George Lucas
Philip Kaufman
Fotografie Douglas Slocombe
Musek John Williams
Schnëtt Michael Kahn
Produzent Howard G. Kazanjian
George Lucas
Frank Marshall
Robert Watts
Produktiouns-
gesellschaft
Lucasfilm
Schauspiller
Harrison Ford als Dr. Henry "Indiana" Jones
Karen Allen als Marion Ravenwood
Paul Freeman als Dr. Rene Belloq
Ronald Lacey als Major Toht
John Rhys-Davies als Sallah
Denholm Elliott als Dr. Marcus Brody
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Den Indiana Jones, Archeologieprofesser an Expert wann et drëms geet, verschwonnen Artefakten erëmzefannen, gëtt 1936 vun der US-Regierung beoptragt, d'Bundeslade ze sichen. Dëst entwéckelt sech zu engem Contre-la-montre mat de Nazien, déi och op der Sich sinn. An der Bundeslade sinn nämlech net nëmmen d'Zéng Geboter, mä si ass och eng mächteg Waff an däerf op kee Fall an déi falsch Hänn geroden. Den Indy kritt Hëllef vun der flotter Marion Ravenwood a vum guddmiddege Sallah. Zesummen erliewe si eng Aventure déi si vum Nepal bis op Kairo féiert.

Zitater änneren

  • Indiana Jones: You want to talk to God? Let's go see him together, I've got nothing better to do.
  • Indiana Jones: Snakes. Why'd it have to be snakes?
  • Sallah: Oh, my friends. I'm so pleased you're not dead.
  • Indiana Jones: The Ark of the Covenant, the chest that the Hebrews used to carry around the Ten Commandments. - Major Eaton: What, you mean THE Ten Commandments? - Indiana Jones: Yes, the actual Ten Commandments, the original stone tablets that Moses brought down from Mt. Ararat and smashed, if you believe in that sort of thing... Didn't any of you guys ever go to Sunday school?

Triviales änneren

  • Den éischte Choix fir de Personnage vum Indiana Jones ze spille war den Tom Selleck mä deen huet missen ofsoen, well en zu där Zäit d'Serie Magnum, P.I. gedréint huet.
  • Den Danny DeVito war fir d'Roll vum Sallah virgesinn, huet awer missen ofsoen.
  • D'U-Boot aus dem Film gouf ursprénglech am Film Das Boot scho benotzt.

Gielercher änneren

  • 1982: Oscar fir Best Art Direction-Set Decoration, Best Effects, Visual Effects, Best Film Editing, a Best Sound.
  • 1982: Saturn Award fir Best Actor, Best Actress, Best Director, Best Fantasy Film, Best Music, Best Special Effects, a Best Writing.
  • 1982: Eddie fir Best Edited Feature Film.
  • 1982: Marquee fir Best Director, Best Film a Best Screenplay.
  • 1982: BAFTA Film Award fir Best Production Design / Art Direction.
  • 1982: BSFC Award fir Best Director.
  • 1982: Grammy fir Best Album of Original Score Written for a Motion Picture or Television Special.
  • 1982: Hugo fir Best Dramatic Presentation.
  • 1982: KCFCC Award fir Best Film.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren