Norbert Gomand

lëtzebuergeschen Editeur

De Joseph Norbert Gomand, gebuer den 18. Mäerz 1916[1] a gestuerwen ?.., war e lëtzebuergeschen Zeitungs-Editeur.

Norbert Gomand
Gebuer 18. Mäerz 1916
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Editeur

Am Fréijoer 1943 gouf hie vun der Lëtzebuerger Exilregierung als offiziellen Delegéierte vum Lëtzebuerger Roude Kräiz a Spuenien nominéiert an ass dat bis de Summer 1944 bliwwen, wéi de Pierre Dupong hie vun dësem Posten revoquéiert huet.[2]

Verbattert iwwer d'Haltung vun der Lëtzebuerger Exilregierung an der Aart a Weis, wéi d'politescht Liewen zu Lëtzebuerg sech nom Krich organiséiert huet, huet hie mam Gordian Troeller, engem Journalist a Resistenzler, d'Wochenzeitung l'Indépendant gegrënnt. Doran huet en dacks d'Haltung vun der Lëtzebuerger Regierung géintiwwer hire Bierger wärend der Naziokkupatioun kritiséiert. Dat huet dozou gefouert, datt d'Regierung mat enger Suite vu Prozesser déi Zeitung an d'Faillite gedriwwen huet.

An den 1950er Joren ass de Norbert Gomand an d'Belsch gezunn.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. LISTA SECRETA DE LOS AGENTES DEL SPECIAL OPERATIONS EXECUTIVE, SOE: GO-GY
  2. Charles Barthel, Au service de l'humanité - Histoire de la Croix-Rouge luxembourgeoise, ISBN 978-99959-0-089-2, Säit 252