Jean Fischbach
Buergermeeschter vu Leideleng
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean Fischbach, gebuer den 11. Januar 1803[1], a gestuerwen de 7. September 1877[Source?], war e Leidelenger Bauer, deen am August 1856 zum éischte Buergermeeschter vun der Gemeng Leideleng ernannt gouf,[2] déi den 1. Juli 1856 duerch d'Gesetz vum 3. Mäerz 1856 gegrënnt gi war. Den 2. Juni 1856 waren déi éischt Gemengerotswalen zu Leideleng.
Jean Fischbach | |
---|---|
Gebuer | 11. Januar 1803 |
Gestuerwen | 7. September 1877 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Lokalpolitiker, Bauer |
No de Wale vun 1861 ass hien an de Gemengerot gewiesselt. Hie blouf Member vum Gemengerot bis de 4. Oktober 1877.[3]
No him genannt
ännerenZu Leideleng ass eng Strooss (Rue Jean-Fischbach, L-3372) an der Industriezon "Am Bann" no him genannt ginn, do wou ë. a. och de Siège vun der LALUX ass.
Referenzen
änneren- ↑ Antrag am Matrikelbuch
- ↑ Memorial vum 2.9.1856, 2. Deel, S. 355
- ↑ Administration communale de Leudelange, Gemeng Leideleng 1856-1996, Imprimerie Saint-Paul 1997, 255 S. ISBN 2-9599931-0-1