Leideleng-Barrière-Märel

Leideleng-Barrière-Märel ass e Lieu-dit an der Gemeng Leideleng a läit op der Kräizung vum CR178 mat der Strooss fir op Märel (rue des Celtes), direkt op der Grenz mat der Gemeng Lëtzebuerg.

Leideleng-Barrière-Märel
Iwwerreschter vun der Signalisatioun vun der fréierer Barriär.
An anere Sproochen fr: Leudelange-Barrière-Merl
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Leideleng
Buergermeeschter Lou Linster
Koordinaten 49° 35’ 20’’ N
      06° 04’ 22’’ O
Do wou fréier d'Gardshaische stoung, stinn haut eng Antenn an technesch Ekipementer.

En huet am Fong nëmmen aus engem Gardshaische mat anere klenge Gebaier bestanen. Dat stoung nieft der Barriär PN 7 vun der Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg um Pk 15,341. Nodeems et am August 2008 am Haische gebrannt hat[1], gouf et 2009 ewechgerappt.

Am Kader vum Ausbau vun der Streck Péiteng-Lëtzebuerg ass d'Barriär de 5. November 2012[2] definitiv zougemaach ginn an d'Strooss déi vu Märel kënnt, gouf eng Sakgaass. Et war virgesinn, d'Barriär mat enger Ënnerféierung z'ersetzen, ma wéinst Schwieregkeeten fir déi néideg Terrainen ze kréien[2], gouf 2011 eng Enteegnungsprozedur an d'Weeër geleet. Bis haut (Februar 2018) konnt de Projet awer nach net ëmgesat ginn[3].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Leideleng-Barrière-Märel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Le Schléiwenhaff part en fumée op lessentiel.lu de 7. August 2008 (gekuckt de 24. Februar 2018)
  2. 2,0 2,1 Luxembourg-Pétange - 2 fois plus de voies. 2 fois plus de trains Extrait aus de Gemengebuet 106 vun der Gemeng Leideleng, S. 39 (gekuckt de 6. September 2019 op der Websäit vun der Gemeng)
  3. Cessange: la réhabilitation d'un passage à niveau bloquée par une procédure d'expropriation den 18. Dezember 2017 op lequotidien.lu (gekuckt de 27. Februar 2018)