Nicolas Brosius

Buergermeeschter vu Leideleng
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Nicolas Brosius, gebuer ..., a gestuerwen ..., war e Leidelenger Bauer, deen nom Friddensvertrag vu Campo-Formio de 17. Oktober 1797, bei den éischte Gemengewalen ënnert dem nouveau régime, nom Prinzip vun der République au Village, als éischte Leidelenger Buergermeeschter mat 15 Stëmmen vun 21 Wieler gewielt gouf.

Nicolas Brosius
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Bauer, Zaldot, Buergermeeschter
Stroosseschëld zu Leideleng am Bann

Den Nicolas Brosius huet de 25. August 1807 als Buergermeeschter demissionéiert, well hien zesumme mat sengem Brudder Mathias an d'Arméi vum Napoléon agetrueden ass.[1]

No him genannt

änneren

Zu Leideleng ass eng Strooss (Rue Nicolas-Brosius, L-3372) an der Industriezon "Am Bann" no him genannt ginn, do wou ë. a. och de Siège vu der Transportfirma Arthur Welter ass.

Referenzen

änneren
  1. Administration communale de Leudelange, Gemeng Leideleng 1856-1996, Imprimerie Saint-Paul 1997, 255 S. ISBN 2-9599931-0-1