Dondel
Dondel ass eng Uertschaft an der Gemeng Kielen. Se läit op der Nationalstrooss 12, tëscht Koplescht a Buer.
Dondel | |
---|---|
Kapell vun Dondel (Oktober 2008) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Dondelange de: Dondelingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Gemeng | Kielen |
Buergermeeschter | Félix Eischen (CSV) |
Awunner | 183 |
1. Januar 2023 | |
Koordinaten |
49° 41’ 20’’ N 06° 01’ 49’’ O |
Geographie
ännerenDen héchste Punkt vun Dondel ass um Lieu-dit „Groussebësch“ op 370 Meter, déifste Punkt ass de Lieu-dit „Brachwiss“ op 242 Meter iwwer dem Mieresspigel. Et ass dat eenzegt Duerf an der Gemeng Kielen, dat am Dall vun der Dondeler Baach läit. De groussen Héichtenënnerscheed ass domat z'erklären, datt den Dall no Westen hin op den Äischdall opgeet, wärend et zu deenen aneren 3 Säite vun engem héije Plateau ëmginn ass, op deem Keespelt, Meespelt, de Katrewang, Kielen an Nouspelt leien.
D'Nationalstrooss 12 féiert duerch d'Duerf, laanscht d'Dondeler Baach, déi beim Lieu-dit „Brachwiss“ an d'Äisch fléisst. Eng zweet kleng Baach, d'Uesbech, kënnt duerch eng Zoch vum Kléngelbuer bei Nouspelt erfort a leeft zu Dondel bei der Kapell an d'Dondeler Baach déi vu Meespelt kënnt.
Geschicht
ännerenDondel ass en Duerf dat warscheinlech an der keltescher Zäit gegrënnt gouf.
Déi éischt Kéier gëtt d′Duerf 1463 genannt. Et louch deemools op der Grenz tëscht der Herrschaft vun Aansebuerg an der Vogtei vu Lëtzebuerg. Op d'mannst vum 13. Joerhonnert u goufen um Terrain vun Dondel 2 Käremille bedriwwen, duerch déi d'Duerf bekannt war. Et waren dat déi iewescht an déi ënnescht Millen. Déi iewescht Millen ass nëmme vun der Dondeler Baach ugedriwwe ginn, wärenddeem déi ënnescht Mille vun deenen zwou Baache gespeist gouf. Béid Millen existéieren haut net méi.
Ëstlech vum Zesummefloss vun den zwou Baache leien d'Gebaier vum Dondeler Schlass. Et ass aus dem 17. Joerhonnert a gouf wéi et schéngt vun engem vum Napoleon senge Receveure gebaut an huet duerno ë. a. als Bauerenhaff gedéngt[1]. 1977/78 gouf d'Schlass an e Luxushotel ëmgebaut, deen am Juli 1978 ageweit[2] an awer schonn d'Joer drop a Faillite war. Duerno gouf d'Gebai ëmgebaut an haut sinn Appartementer dran[3].
Kuckeswäertes
ännerenKuckt och
ännerenBiller
änneren-
D'Dondeler Schlass
-
Haus op 2 rue du Moulin
-
Klasséiert Haus an der rue de la Montée
Um Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Luxemburger Wort, Luxushotel „Château de Dandel" vor dem Bankrott? Handelsgericht Luxemburg verfügte „Saisie conservatoire“, die gestern an Ort und Stelle vollzogen wurde.. Digitalisiert von der Nationalbibliothek Luxemburg, (18.01.1979). Gekuckt de(n) 18.04.2022.
- ↑ Luxemburger Wort, Luxushotel in Dondelingen mit Feuerwerk eröffnet. Luxemburger Wort, 131. Jg., n° 166, S. 8. (24.07.1978). Gekuckt de(n) 18.04.2022.
- ↑ Résidences IHP. www.ihp.lu Archivéiert de(n) 2022-03-28. Gekuckt de(n) 2022-04-18.