D'Kierch vun Nouspelt ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Kielen gehéiert.

Kierch vun Nouspelt

Uertschaft / Plaz Nouspelt
Par Mamerdall
Saint-Christophe
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Thomas
Konsekratioun 1864
Architekt(en) Théodore Eberhard
Koordinaten 49° 40’ 24’’ N
      06° 00’ 27.7’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellegen Thomas, deem säi Fest den 3. Juli gefeiert gëtt.

Si steet zentral an der Uertschaft tëscht der Olmer Strooss, dem CR104A, an der Kierfechtstrooss. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 3. Mee 2022 gouf si als Nationaalt Kulturierwe klasséiert.[1]

Geschicht

änneren

Nouspelt huet bis 1807 zur Par Schéimerech (Schönberg) gehéiert, duerno ass et eng eegestänneg Par ginn.

Zur fréierer Par Nouspelt gehéieren och nach d'Kapell vun Dondel an d'Kapell vu Rued, déi awer zum Parverband Sankt Willibrord Helpert gehéiert.

Éischt Kierch (Kapell)

änneren

Am Joer 1570 gëtt eng Kapell zu Nouspelt ernimmt. Si war dem Hl. Thomas geweit. D'Kapell ass am Joer 1849 ofgerappt ginn.

Déi haiteg Kierch

änneren

Am Joer 1850 ass ugefaange ginn déi nei Kierch ze bauen an den 1. Mäerz 1852 war se fäerdeg. 1862 sinn nei faarweg Fënsteren agebaut ginn, well am Ufank aus Käschtegrënn nëmme Fënsteren aus klorem Glas benotzt goufen. Déi dräi ronn Fënsteren an der Haaptfassad si vum deemolege Paschtouer J. Bernard Krier selwer finanzéiert ginn. Ageweit gouf d'Kierch den 10. Juni 1864.

1986 si verschidde Renovatiounsaarbechten ausgefouert ginn; d'Fassad vum Tuerm ass erneiert ginn, d'Gebällek ass deelweis ersat an den Daach nei agedeckt ginn. 1988 sinn och nach d'Fënstere restauréiert ginn.

Kierch vu Bannen

änneren

Den Haaptaltor an déi zwéi Säitenaltär sinn am Barockstil. Am Haaptaltor ass eng Reliquie vum Hl. Thomas ënnerbruecht.

Paschtéier vun Nouspelt

änneren
  • 1807 - 1840: Klein Jean Nicolas
  • 1840 - 1846: Ross Theodor
  • 1846 - 1862: Nothumb Anton
  • 1862 - 1865: Krier Jean-Bernard
  • 1865 - 1900: Boltzen Michel
  • 1900 - 1925: Zeimes Nicolas
  • 1926 - 1937: Gales Jean-Paul
  • 1937 - 1947: Wildgen Joseph
  • 1947 - 1956: Goebel Laurent
  • 1956 - 1988: Kayser Georges
  • 1988 - 1994: Zewen Francois
  • 1994 - 2002: Jungels René
  • 2002 - 2003: Groff Marcel

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kierch Nouspelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).