Haaptmenü opmaachen
D'Giewelerbaach am Ausgank vu Käerch (2010)

D'Giewelerbaach ass eng Baach um Territoire vun der Gemeng Käerch. Si huet hir Quell am Oste vu Gëtzen, a leeft vun do aus no Nordwesten, laanscht Giewel, an duerch Käerch, wou se vum Gréiveschlass un, a Réier ënner dem Buedem, bis an den Ausgank vun der Uertschaft leeft. Do geet et dann nach e Stéck vu ronn 200 Meter weider an engem Bëtongskanal, éier se erëm hiren natierleche Laf erëmfënnt.

Duerno leeft se an engem Wisendall weider an Direktioun Neimillen, frësst just virdrun op enger kuerzer Streck um rietsen Uwänner um Sandsteen vum Franzebierg fir dann eng ronn 500 Meter no der Neimillen, soubal wéi se ënner dem CR105 erduerch ass, eng 450 Meter virun der Fockemillen, vu riets an d'Äisch ze lafen. Se ass ronn 6 km laang.

Dall vun der Giewelerbaach vun der Neimillen aus an Direktioun Äisch gesinn. Am Fong lénks den CR105

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Giewelerbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien