D'Kierch zu Käerch ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire an zu der Gemeng Käerch gehéiert.

Kierch vu Käerch
Parkierch vu Käerch (2012)

Parkierch vu Käerch (2012)
Parkierch vu Käerch (2012)
Uertschaft / Plaz Käerch
Par Äischdall Saint-François
et Sainte-Claire
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Remigius
Konsekratioun 1760
Baujoer 1748
Koordinaten 49° 40’ 05.7’’ N
      05° 57’ 0.4’’ O
Bei der Käercher Kierch

Bei der Käercher Kierch
Bei der Käercher Kierch
Kierchen - Kapellen
Statioun an der Kierch zu Käerch

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Remigius, deem säi Fest den 1. Oktober gefeiert gëtt.

Se steet zentral an der Uertschaft an der Schoulstrooss, net wäit vum Käercher Schlass. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Käerch gehéieren ausser der Dekanatskierch vu Käerch och nach d'Filialkierch vu Gëtzen an d'Rochuskapell vu Giewel.

Geschicht änneren

Subscript textD'Kierch gouf vu 1747 bis 1748 op Initiativ vum Paschtouer Jean-Pierre Ningels[1] gebaut, an de Bau gouf aus sengem Privatverméige finanzéiert. Den Architekt ass onbekannt, gebaut gouf se vum Entreprener Jean-Pierre Baraquin vu Käerch. Den Tuerm vun der Virgängerkierch gouf iwwerholl. Beim Bauwierk gouf sech staark un der Dräifaltegkeetskierch an der Stad orientéiert, déi selwer déi Tréierer Kierch St. Paulin als Virbild huet. 1755 engagéieren de Sculpteur André Doyen vun Dikrech an de Schräiner Frédéric Biver vu Käerch sech, fir d'Kierchemiwwelen ze liwweren, fënnef Altär, eng Rëtsch Statuen, Stallen a Beichtstill. Ënner der Leedung vum béimesche Moler Joseph Müller gi se faarweg gemaach an hie moolt mat senge Gesellen och nach vill Biller. Déi ganz Aarbechten daueren 10 Joer, awer d'Resultat ass och aussergewéinlech.

Tëscht 1991 an 1993 gouf se vun der Firma Ochsenfahrt vu Paderborn restauréiert. Et ass deen éischte Kierchebau zu Lëtzebuerg, deen am barocke Stil gebaut gouf. Dofir gouf en den 31. Juli 1968 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[2]

Tuerm änneren

D'Kierch huet ee vun de seelenen Ënnentierm. Den ënneschten Deel vum Tuerm, deen den Datum 1727 dréit, ass méi al wéi de Réscht vun der Kierch. Deen ieweschten Deel vum Tuerm gouf 1791 opgesat.

Aweiung änneren

Den 8. Juni 1760 gouf d'Kierch vum Tréierer Weibëschof fir Lëtzebuerg, dem Jean-Nicolas de Hontheim, ageweit.

Héichaltor änneren

Den Héichaltor, deen aus Eechenholz geschnëtzt ass, besteet am Fong geholl aus dräi Altär.

Priedegtstull änneren

De Priedegtstull staamt, wéi d'Sëtzbänken, aus der vireger Kierch.

Uergel änneren

Déi haiteg Uergel gouf 1969 vun der Uergelmanufaktur E.F. Walcker vu Ludwigsburg opgeriicht an den 28. September vum selwechte Joer ageweit. Wéi d'Dekanatskierch 1992 komplett renovéiert gouf, ass d'Uergel restauréiert an nei intonéiert ginn.

Pietà änneren

D'Pietà aus dem fréie 16. Joerhonnert steet op der lénkser Säit vum Agank ënner dem Duxall am Eck.

Klacken änneren

An der Kierch vu Kaerch lauden 3 Klacken am Schlagtoun La, Sol a Fa.

Literatur änneren

  • Faltz Michel, Die Dekanatskirche von Koerich: ein Beitrag zur heimatlichen Kunst- und Kulturgeschichte, 1948, Imprimerie du Nord, 132 Säiten
  • Langini Alex, Die Kirchen der Pfarrei Koerich, 1995, Imprimerie St. Paul, 32 S.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Käerch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Blum, M./Zieser, J. (1926): Series pastorum, oder: Reihenfolge der Seelsorger der einzelnen Pfarreien des heutigen Grossherzogtums Luxemburg von den ältesten Zeiten bis auf unsere Tage - Von Koerich bis Niederschieren. In: Ons Hémecht (1926), 32. Jg. [Körich: S. 75 [on-line: eLuxemburgensia.lu]]. Gekuckt de(n) 17.08.2020.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).