Émile Metz

lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker
(Virugeleet vu(n) Emile Metz)

Den Émile Metz, gebuer den 23. Februar 1835 an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen den 13. Februar 1904 zu Heidelberg no enger Operatioun, war den eelste Jong vum Norbert Metz.

Émile Metz
Den Émile Metz (1835-1904)
Gebuer 23. Februar 1835
Lëtzebuerg
Gestuerwen 13. Februar 1904
Heidelberg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Famill
Papp Norbert Metz

Säi Liewen änneren

Hien huet zu Paräis fir Ingenieur studéiert, an ass duerno eng Zäit bei d'Bridder Waring schaffe gaangen, déi Eisebunnslinne gebaut hunn.

Eréischt duerno ass en a sengem Papp säi Betrib, d'Société Metz & Cie schaffe gaangen. Op Virschlag vum Jean Meyer, dee Chef vum Laboratoire vun der Société Metz & Cie war, an deen doriwwer gelies hat, huet den Émile Metz säi Papp iwwerzeegt kritt, de Brevet fir den Thomas-Gilchrist-Procedé ze kafen, fir d'Minett z'entphosphoriséiern.

Den Émile Metz gouf Administrateur-délégué vun der Diddelenger Schmelz, der S.A. des Hauts Fourneaux et Forges de Dudelange, déi 1881 opgeriicht gouf, fir ausschliisslech nom neie Procedé Stol ze produzéieren. 1885, nom Doud vu sengem Papp gouf den Émile Metz Comandité-gérant vun der Société Metz & Cie.

Den Émile Metz war och an der Politik aktiv: Tëscht 1874 an 1888 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Eech, an tëscht 1885 an 1899 war en Deputéierte vum Kanton Capellen an der Chamber.

1895, nom Doud vu sengem Koseng Edouard Metz, gouf e President vun der Handelskummer. Dëst Mandat hat hie bis zu sengem Doud 1904.

1896 hat hie sech zu Beggen e Schlass baue gelooss, wou haut d'Ambassade vu Russland dran ass.

1904 ass den Émile Metz gestuerwen. Hie war mat der Edmée Tesch bestuet, der Duechter vum Victor Tesch, dem Associé vu sengem Papp. Seng Wittfra huet no sengem Doud eng Fondatioun an d'Liewe geruff, déi 1913 zu der Grënnung vum Institut Émile Metz gefouert huet, dem haitege Lycée technique privé Émile-Metz. Am Haff vum Institut steet e Monument mat enger Plack zur "dankbarer Erënnerung un d'Madame Émile Metz-Tesch".

Gielchen änneren

Trivia änneren

1889 hat den Émile Metz 638,- Frang Steieren ze bezuelen. Sai Koseng Edouard Metz 308,- Frang an d'Société Metz & Cie der 5.806.- Den deemolegen Top-Steierzueler mat 6.000,- Frang war d'Madame Lina Lippmann-Nathan vun Heeschdref, d'Wittfra vum Leo Lippmann[4]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. ANLux, CT-03-02-0824, Luxembourg - naissances, 1835, n° 88
  2. Memorial N° 51 vun 1902 mat der Lëscht vun de Leit déi am Joer 1902 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen Gearchiveerd op 2016-01-15. Gekuckt de(n) 2015-06-27.
  3. (fr)A travers le Grand-Duché - Distinction honorifique. L'Indépendance luxembourgeoise. viewer.eluxemburgensia.lu (2. September 1898). Gekuckt de(n) 2023-10-17.
  4. Biographie nationale du pays de Luxembourg