Roudebierg (Lampertsbierg)

De Roudebierg ass deen nordwestlechsten Deel vum Lampertsbierg. Do leien ënner anerem de Lycée technique Michel-Lucius, de Lycée technique du Centre an een Deel vun der Uni Lëtzebuerg, dee fréiere Centre universitaire. Vum Roudebierg aus a Richtung Nordweste geet et biergof op d'Siwebueren, südlech an de Reckendall, an nord-ëstlech läit de Pabeierbierg.

Am allgemenge Sproochgebrauch ass mat Roudebierg och dacks den ënneschten Deel vun der Avenue de la Faïencerie gemengt.