Pierre-Éloi Schoué

lëtzebuergeschen Apdikter, Botaniker, a Politiker

De Pierre-Éloi Schoué, gebuer den 9. September 1849 zu Konsdref a gestuerwen den 11. September 1919[1], war e lëtzebuergeschen Apdikter, Botaniker, a Politiker.

Pierre-Éloi Schoué
Gebuer 9. September 1849
Konsdref
Gestuerwen 11. September 1919
Köln
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Apdikter
D'Perlia-Adptikt op der Eecher Plaz.

Hien hat 1874[2] déi Eecher Apdikt op der Eecher Plaz vum Jean Meyer iwwerholl, a wéi en 1890[2] opgehalen huet, huet en se un de Xavier Perlia weiderverkaaft. D'Apdikt huet deem säin Numm nach bis Enn vun den 2010er Jore behalen.

Vun 1888 u war hie Buergermeeschter vun der deemoleger Gemeng Eech, bis en 1911 ofgesat gouf, well en d'Ausféierungsbestëmmungen net genee genuch agehalen hat[1]. Hie war vun 1902 bis 1908 Deputéierten an der Chamber.

Als Undenken un de Schoué ass 1959 eng Strooss um Kierchbierg no him genannt ginn: d'Rue Pierre-Éloi Schoué[3].

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?. Ons Stad (Henri Beck, Bruno Baltzer). Gekuckt de(n) 06.06.2020.
  2. 2,0 2,1 Perlia Eich / Luxembourg. industrie.lu. Gekuckt de(n) 06.06.2020.
  3. rue Pierre Eloi Schoué. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 06.06.2020.