Schlass Bettenduerf

Barockschlass zu Bettenduerf
Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Schlass vu Bettenduerf steet an der lëtzebuergescher Uertschaft Bettenduerf.

Schlass Bettenduerf
D'Schlass Bettenduerf
Typ Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bettenduerf
Plaz Bettenduerf
Koordinaten 49°52'33"N, 6°13'14"O
Statut Klasséiert Monument

Geschicht änneren

D'Urspréng ginn an d'13. Joerhonnert zeréck. D'Gebai, wéi mer haut nach kennen, am Barockstil, ass aus dem Joer 1728 a gouf 1962 restauréiert.

D'Schlass, dat an der Mëtt vum 19. Joerhonnert am Besëtz vun der belscher Adelsfamill d'Olimart war, goung duerch Bestietnes vun der Julie d'Olimart mam preiseschen Offizéier Georg-Alvin von Puttkammer (1811-1885) an de Besëtz vun där Famill iwwer. Méi spéit hunn do hire Jong Adolf (1847-1925), an am 20. Joerhonnert ee vun deem senge Jongen, de Gustav von Puttkamer, dra gewunnt. Dësen ass géint Enn vum Zweete Weltkrich, well e mat den Nazie kollaboréiert hat, op Wiesbaden wunne gaangen. Hie gouf vun der Lëtzebuerger Justiz zu enger Personne non-désirable deklaréiert a säi Besëtz zu Lëtzebuerg, dorënner d'Schlass Bettenduerf, konfiszéiert.[1]

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Schlass ass haut a Privatbesëtz an ass net ëffentlech zougänglech[2]. 2007 gouf et mam Park ronderëm op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert[3].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schlass Bettenduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Maarten van Voorst: "Ein preußischer Vorposten. Hinter Schlossmauern: Luxemburgs Adel während der Okkupation - Gustav von Puttkamer." d'Lëtzebuerger Land, Nr.51, 24.12.2021, S.10-11.
  2. "Bettendorf, Luxembourg", Castles.info. gekuckt de 17. Mäerz 2011.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).