Alphonse Osch

lëtzebuergesche Politiker

Den Alphonse Osch, gebuer den 29. Abrëll 1909 zu Méischtref a gestuerwen den 18. Juni 1997 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker.

Alphonse Osch
Gebuer 29. Abrëll 1909
Méischtref
Gestuerwen 18. Juni 1997
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Resistenzler
Partei Demokratesch Partei

Den Alphonse Osch, war am Krich Resistenzler an huet de GPD (déi spéider DP) matgegrënnt.

Hie war 1945 a vun 1953 bis 1954, no der Demissioun vum Ferdinand Frieden Deputéierten an der Chamber.

Hie war Minister fir ëffentlech Gesondheet a Krichsschied: vun 1947 bis 1948 an der Regierung Dupong-Schaus a vun 1948 bis 1951 an der Regierung Dupong-Schaus-Bodson.

Tëscht 1952 an 1961 an tëscht 1971 an 1981 war hien am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

Den Alphonse Osch war vun 1953 bis 1975 Direkter vun der Assurancë-Gesellschaft La Bâloise.

Gielercher änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. BULLETIN DE DOCUMENTATION - Nos 7/8/9 7e Année Luxembourg le 30 septembre 1951 Nouvelles de la Cour p 166
  2. BULLETIN DE DOCUMENTATION - No 6 7e Année Luxembourg le 30 juin 1951 Distinctions honorifiques conférées à l'occasion de la visite officielle à Luxembourg de Sa Majesté la Reine et de Son Altesse Royale le Prince des Pays-Bas pp. 131ss.