Uergel Kierch Bauschelt

D'Uergel an der Kierch vu Bauschelt ass eng Uergel, déi am Joer 1900 vun den Uergelbauer Müller vu Reifferscheid gebaut gouf a bis haut original erhalen ass. 1986 gouf d'Wierk vum Uergelbauer Herbert Schmidt renovéiert.[1]

D'Uergel vun der Bauschelter Kierch (2015)

Se huet zwee Manualer, eent mat 7 an eent mat 4 Regësteren, an eng Pedall.[1]

De 7. Dezember 2001 gouf d'Uergel op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument agedroen.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Fiche "Bauschleiden" op orgues.lu.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).