Postgebai op der Stater Gare

Verwaltungsgebai vun der Lëtzebuerger Post

D'Postgebai op der Stater Gare ass e Verwaltungsgebai vun der Lëtzebuerger Post am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg, dat 2023[Wéini ?] a Betrib geholl gëtt.

Postgebai op der Stater Gare
Luxembourg, Poste Gare (101).jpg
De Schantje vum neie Postgebai am Mäerz 2021
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Garer Quartier
Adress Place de la Gare, Stad Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 35’ 57.1’’ N 6° 07’ 56.9’’ O
Status am Bau
Proprietär Post Luxembourg
Déi fréier Busgare an am Hannergrond den alen „Centre postal Gare“ (2016)

D'Gebai steet tëscht der Rue du Commerce am Süden, der Rue d'Épernay am Norden an der Garer Plaz am Osten.

GeschichtÄnneren

Dat neit Gebai ersetzt de fréiere Centre postal Gare dee vum Enn vun den 1960er Jore bis 2018 op där Plaz stoung, a wou ë.a. eng Zäitchen och den Tri postal dra war.

Am neie Postgebai op der Gare sinn, nieft dem Siège, d'Verwaltung vun der Post, grad wéi e Clientsberäich fir Post- an Telekommunikatiounsservicer.

D'Gebai, dat vu Metaform Architects entworf gouf, huet néng Stäck an eng Bruttofläch vu 27.700 m²[1][2].

D'klasséiert Fassad vun der Accinauto, dem Nopeschgebai um Eck vun der Épernay-Strooss, ass mat an dat neit Gebai integréiert ginn.

Hannert dem Gebai, an der Rue de Reims, hat d'Post virdru schonn, tëscht 2014 an 2017 e weidert Gebai baue gelooss. Nodeems déi "al Post" um Piquet 2018 zerguttst zougemaach gouf, gouf de Siège vun der Post provisoresch dohi verluecht.[3] Wéi dat neit Gebai op der Gare bis fäerdeg war, gouf de Siège vun der Entreprise dann duer verluecht. D'Gebai an der Rue de Reims gouf dunn un den Office des publications de l'Union européenne (OPOUE) a Servicer vun der Europäescher Kommissioun (DG Connect) verlount. Den OPOUE war virdrun, bis Mäerz 2023, an engem Nopeschgebai, dat ofgerappt gëtt, fir d'Cité de la sécurité sociale ze vergréisseren.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Postgebai op der Stater Gare – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. POST Luxembourg baut ihren zukünftigen Unternehmenssitz im Bahnhofsviertel der Stadt Luxemburg - News et Communiqués - POST Group. www.postgroup.lu. Gekuckt de(n) 04.04.2021.
  2. Post Luxembourg dévoile son nouveau siège. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 04.04.2021.
  3. "Un nouveau siège social pour POST Luxembourg." Communiqué o.D. op postgroup.lu. Gekuckt den 23.03.2023.