Cité de la sécurité sociale

Gebaier vun der Sozialversécherung zu Lëtzebuerg

D'Cité de la sécurité sociale ass en Ensembel vu Gebaier am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg, an déi de 5. Juni 2023 d'Gesondheetskeess (CNS), d'Assurance Accident, de Contrôle médical vun der Sécurité sociale an dem Centre commun an d'Adminstratioun vun der Evaluatioun an der Kontroll vun der Assurance dépendance, erageplënnert sinn[1]. E gouf de 15. Juni 2023 ageweit.[2] An enger zweeter Phas kënnt tëscht 2023 an 2028 e weidere Block Gebaier derbäi[3].

Cité de la sécurité sociale
Vue op d'Haaptgebai vun der Cité de la sécurité sociale am Juni 2023
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Garer Quartier
Adress 4, rue Mercier
Koordinaten 49° 35’ 54.17’’ N
      6° 07’ 49.37’’ O
Architekt(en) Architecture et Environnement, BLK2-Böge Lindner K2 Architekten, Scheuvens + Wachten, Breimann & Bruun GmbH & Co. KG
Opgaangen 5. Juni 2023
Proprietär Fonds de compensation commun au régime général de pension

De Bauhär ass de Fonds de compensation commun au régime général de pension.

D'Gebaier, déi an dräi Phase gebaut goufen, resp. ginn, stinn tëscht der Hollerecher Strooss am Süden, der Rue du Fort-Wedell am Westen, der Rue Mercier am Norden an der Garer Plaz am Osten.

Geschicht

änneren

Duerch d'Gesetz vum 1. Abrëll 2015[4] krut de Lëtzebuerger Staat d'Erlabnis fir dem Kompensatiounsfong den Terrain fir d'Gebaier – mat enger Fläch vu 76,78 Ar – fir e Präis vun op d'mannst 90 Milliounen Euro ze verkafen.

An enger éischter Phas gouf e Gebai gebaut an deem op 52.300 m² ronn dausend Leit schaffe kënnen. De Bau besteet aus verschiddene Bléck mat Gréng- an Erhuelzonen.

Niewendru gëtt nach en zweet Gebai gebaut, dat mat dësem verbonne gëtt. Do kommen dann och d'Pensiounskeess, d'Zukunftskeess an de Kompensatiounsfong vun der Renteversécherung hin.[3]

Den endgültege Komplex huet eng Bruttofläch vun 80.000 m², wouvu 67.640 m² Büroen, 1.700 m² Geschäfter a 4.200 m² Wunnenge virgesi sinn. Am Zentrum vum Komplex entsteet eng ëffentlech Plaz mat engem Gaart[5].

An der Cité de la sécurité sociale sollen herno all d'Servicer ënnerdaach kommen, déi hire Siège aktuell nach am Centre commun de la sécurité sociale an der Escher Strooss zu Hollerech hunn. Dat aalt Gebai op der Escher Strooss wäert dann ofgerappt ginn. Um Terrain, deen zum Quartier Nei Hollerech gehéiert, sollen dann ënner anerem nei Wunnengen, Büroen a Butteker entstoen.[3]

De Plan d'aménagement particulier (PAP) gouf am Oktober 2017 vun der Stater Gemeng ugeholl an de Schantjen huet 2018 mam Ofrappe vun den ale Gebaier ugefaangen[6]. Mam Gros-œuvre gouf 2019 ugefaangen an de Bau hätt ursprénglech Uganks / Mëtt 2021 solle fäerdeg sinn[7]. Wéinst der Ënnerbriechung vum Bau am Kader vun der Covid19-Pandemie hunn d'Aarbechte Retard kritt an den neien Termäi gouf uganks an den August[8] an duerno op Enn 2022 verluecht[9].

Tëscht Mee a Juni 2023 gouf deen éischte Block a Betrib geholl. Am September dat Joer fänken d'Aarbechte vun der 2. Phas un, woufir ë. a. d'Gebai, wou bis dohin den Office des publications de l'Union européenne dra war, am Fréijoer 2024 ofgerappt gouf.

Um Spaweck

änneren
Commons: Cité de la sécurité sociale – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. (lb)Cité de la sécurité sociale. citesecu.lu. Gekuckt de(n) 29.05.2023.
  2. Fanny Kinsch, Lynn Cruchten: "Feierlech Aweiung vun der Cité vun der Securité sociale." rtl.lu, 16.06.2023.
  3. 3,0 3,1 3,2 vun der Sécurité sociale: Neit Gebai op der Gare gouf presentéiert." rtl.lu, 08.02.2023.
  4. Loi du 1er avril 2015 relative à la cession d'un terrain domanial au Fonds de compensation commun au régime général de pension. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 04.04.2021.
  5. Les chantiers remarquables: la Cité de la Sécurité sociale. paperjam.lu (28.07.2020). Gekuckt de(n) 03.04.021.
  6. Cité de la sécurité sociale. cns.public.lu Archivéiert de(n) 2021-03-23. Gekuckt de(n) 04.04.2021.
  7. La Cité de la Sécurité sociale se bâtit à Hollerich. www.lessentiel.lu (07.06.2018). Gekuckt de(n) 03.04.2021.
  8. Cité de la Sécurité sociale: D'CNS kritt en neit Gebai an der Hollerecher Strooss. www.rtl.lu (20.01.2020). Gekuckt de(n) 03.04.2021.
  9. CITÉ DE LA SÉCURITÉ SOCIALE. fdc.public.lu. Gekuckt de(n) 2022-11-13.