Halt gëtt hautdesdaags am Allgemengen eng Plaz (Statioun) genannt, wou en ëffentlecht Verkéiersmëttel stallhält fir Passagéier eran- an erausklammen ze loossen.

Halt op der fréierer Charlysstreck zu Rippeg
Halt vu Miezeg op der Streck Arel-Attem

Den Numm kënnt aus dem Eisebunnsbetrib fir wéineg wichteg Statiounen ze designéiere wou en Zuch stallhält. Dacks gëtt et do bal keng Infrastrukture fir Reesend, meeschtens kee Gebai mat Salle-d'attente an et ass och keen Eisebunnspersonal op der Plaz. Aner Eisebunnsinfrastrukture sinn och rar, dacks just en Ënnerstand fir e puer Persounen, an och nëmmen ee Quai.

Heiansdo kann en Automat fir Zuchbilljeeën do stoen an et gëtt der och wou e klengt Gebai steet an e Chef de halte den Déngscht mécht.

Zu Lëtzebuerg gouf et an der Zäit en ettlech Halten op den Eisebunnsstrecken, besonnesch op de Schmuelspuerbunnen an eespuerege Strecke wéi z. B. d'Atertlinn, wou allerdéngs op de meeschten och Gebaier stoungen, well dacks do och de Garde-barrière dra gewunnt huet. Déi bekanntst dervun sinn d'Hueweler Halt an d'Räicheler Halt (gouf ewechgerappt).

Am kommerzielle Beräich vun den Eisebunne gëtt, fir datt fir d'Cliente keen Duercherneen opkënnt, all Plaz wou en Zuch hält als Gare bezeechent.