Gare Dippech-Recken
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Streck | 7 | ||||
PK | 9,238 | ||||
Quaien | 2 | ||||
Gleiser | 2 | ||||
Uertschaft | Dippecher Gare | ||||
Gemeng | Dippech | ||||
Kanton | Esch-Uelzecht | ||||
Koordinaten | 49° 34’ 21’’ N 5° 59’ 43’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare Dippech-Recken ass eng Gare op der CFL-Linn 7 tëscht der Gare Leideleng an der Gare Schuller vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit op der Dippecher Gare, no bei Recken. Nieft der Gare ass d'Barrière op der N13. Dat fréiert Gebai ass bei der Moderniséierung vun der Linn 7 op zwee Gleiser ofgerappt ginn.
D'Linn 7 féiert vu Lëtzebuerg bis op Péiteng vu wou et op der Linn 6 weider geet bis op Rodange a weider op d'belsch Grenz. Vu Rodange aus gëtt et Verbindungen op Attem, Virton a Lonkech.
D'Gare Dippech-Recken huet e gratis Park & Rail-Parking mat 78 Parkplazen a 6 speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Zich déi an der Gare halenÄnneren
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Leideleng | RB CFL-Linn 70 |
Schuller | Attem | ||
Lëtzebuerg | Hollerech | RE CFL-Linn 70 |
Nidderkäerjeng-Suessem | Rodange oder Lonkech |
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Gare Dippech-Recken – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Dippech-Recken op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Dippech-Recken op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Dippech-Recken op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
| |||
Péiteng - Nidderkäerjeng-Suessem - Schuller - Dippech-Recken - Leideleng - Hollerech - Lëtzebuerg
|