British Airways

brittesch Fluchgesellschaf

British Airways (kuerz: BA) ass déi gréisst brittesch Fluchgesellschaft, wat d'Fligerflott betrëfft, an déi zweetgréisst no easyJet, wat d'Zuel vun transportéierte Passagéier betrëfft. Si huet hire Sëtz zu Waterside beim Londoner Fluchhafen Heathrow Airport. 2011 huet d'British Airways mat der spuenescher Iberia fusionéiert. Doraus ass d'International Airlines Group (IAG) ervirgaangen, eng Holdinggesellschaft, déi zu Madrid enregistréiert ass.

De Logo vu British Airways

D'BA gouf den 31. Mäerz 1974 mat der Fusioun vun e puer nationalen a regionale brittesche Fluchgesellschafte gegrënnt. No bal 13 Joer a Staatsbesëtz ass d'Entreprise dunn am Februar 1987 privatiséiert ginn. Si huet 1987, 1992 an 2012 nach weider brittesch Fluchgesellschaften opkaaft (British Caledonian, Dan-Air a British Midland International).

D'British Airways ass e Grënnungsmember vun der Oneworld Alliance. 2016 hat si méi wéi 39.000 Mataarbechter, déi 44,5 Millioune Passagéier transportéiert an en Ëmsaz vun 11,4 Milliarde Pond Sterling generéiert hunn.

Homepage änneren

Commons: British Airways – Biller, Videoen oder Audiodateien