Luxembourg High Security Hub

lëtzebuergesch Aktiegesellschaft déi am Beräich vum Fluchhafe Lëtzebuerg eng Fräihandelszon bedreift


D'Luxembourg High Security Hub ass eng lëtzebuergesch Aktiegesellschaft déi am Beräich vum Fluchhafe Lëtzebuerg zanter 2014 eng Fräihandelszon bedreift[1]. Bis 2021 huet se Luxembourg Freeport[2] geheescht.

Luxembourg High Security Hub
E Gank am High Security Hub
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 01.08.2012
Sëtz Parishaff
L-2315 Sennengerbierg
Lëtzebuerg
Leedung Philippe Dauvergne
(President vum CA)
Homepage lux-hsh.com

Gebai änneren

D'Gebai mat 22.000 Meterkaree op 4 Stäck[3] gouf vum Architektebureau 3BM3 entworf, d'Bannenariichtung ass vun der Johanna Grawunder[4]. Am Atrium ass e grousst Wandbild vum portugiseschen Artist Vhils an enger vun de Bëtongswänn agravéiert[4].

D'Infrastruktur erlaabt de Stockage vu Konschtwierker an anere Wäertgéigestänn an Depoten an deenen d'Temperatur an d'Loftfiichtegkeet regléiert kënne ginn. D'Sécherheet vun der Anlag gëtt an éischter Linn duerch e System mat méi wéi 300 Iwwerwaachungskameraen assuréiert. Eng zousätzlech Sécherheetsinfrastruktur ass e Brandschutzsystem, deen de "Sauerstoff aus der Atmosphär suckelt", amplaz Waasser ze benotzen, dat Konschtwierker beschiedege kéint.

D'Anlag ass vu Mauere mat pickegem Drot ëmginn an déi véier Goldtresoren hu 50 cm déck metallen Dieren. Et gëtt och véier speziell klimatiséiert Raim, an deene bis zu 700.000 Fläsche Wäin gelagert kënne ginn.

Proprietéit änneren

 
Den Yves Bouvier, Grënner vun der Firma (2008)

De Luxembourg High Security Hub deen 2012 op Staatsterrain gebaut gouf, gehéiert majoritär dem Schwäizer Philanthrop a Konschthändler Yves Bouvier, deen och majoritär un de Fräihäfe vu Singapur a Genève bedeelegt ass. De Bouvier war eng vun dräi Persounen, déi am Februar 2015 zu Monaco wéinst Verdacht op Bedruch festgeholl goufen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Affär Bouvier.

Kritik änneren

2018 hunn zwéin Deputéiert vum Europäesche Parlament, d'Ana Gomes an den Erny Regner de Lëtzebuerger Fräihafe wéinst Manktem un Transparenz kritiséiert. An hirer Analys iwwert Geldwäsch a Steierhannerzéiung an der EU tëscht 2015 an 2017 koume si an hirem Ofschlossrapport zur Konklusioun, datt Fräihandelszonen Offshore-Depoten ubidden, déi Geldwäsch a Steierhannerzéiung begënschtege kéinten. Déi sougenannt Bouvier Affär gouf och an enger Etüd vun der Europäescher Kommissioun aus dem Joer 2018 ernimmt.

Am Januar 2019 huet den däitschen Europadeputéierten Wolf Klinz e Bréif un de Jean-Claude Juncker, deemolege President vun der Europäescher Kommissioun geschéckt, an huet gefrot datt Moossname missten ergraff gi fir sougenannt „Schlupflächer“, déi et erméiglechen Finanzkriminalitéit an der EU z'organiséieren, zouzemaachen[5][6]. Aner Deputéiert hunn duerno gefuerdert fir Fräihandelszone bannent der EU zu verbidden.

D'Management vum Fräihafen huet dës Virwërf awer bestridden an ë. a. betount datt et prioritär drëm geet fir d'Assurancëprimmen erofzedrécken an net fir Steierhannerzéiung zu bedreiwen[7].

Gestioun änneren

Am Mäerz 2020 huet de fréiere Lëtzebuerger Wirtschaftsminister Robert Goebbels, dee vun 2015 u President vum Verwaltungsrot war[8], säi Mandat néiergeluecht[9], well e sech mam Yves Bouvier net eens gouf iwwert en zukünftegt Geschäftskonzept vun der Firma[3]. Zanter dem 21. Juli 2020 gëtt de Luxembourg High Security Hub vum Philippe Dauvergne presidéiert[10].

Um Spaweck änneren

Commons: Luxembourg High Security Hub – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. De Firmegrupp besteet aus follgende Firmen: Luxembourg High Security Hub - Management Company (RCS: B170494), Luxembourg High Security Hub - Real Estate (RCS: B166785), Luxembourg High Security Hub - Holding (RCS: B164567)
  2. The Luxembourg Freeport Management Company S.A.
  3. 3,0 3,1 Marco Meng, Schwarzes Loch Freeport. Luxemburger Wort. www.wort.lu (22.07.2022 (an an der Drockversioun vum Wort vum 23./24. Juli 2022, S. 14)). Gekuckt de(n) 25.07.2022.
  4. 4,0 4,1 Atelier d'Architecture 3BM3 completes concrete tax haven. www.dezeen.com (14.01.2015). Gekuckt de(n) 25.07.2022.
  5. European Commission president Jean-Claude Juncker must close tax loopholes at Luxembourg freeport, MEP says. The Art Newspaper - International art news and events (2019-01-31). Gekuckt de(n) 2022-07-25.
  6. Juncker criticised over 'freeports'. BBC News (20.03.2019). Gekuckt de(n) 25.07.2022.
  7. Freeport accused of shadiness, says it surpasses EU rules. delano.lu. Gekuckt de(n) 25.07.2022.
  8. B170494 - Modification non statutaire. lbr.lu (02.04.2015). Gekuckt de(n) 26.07.2022.
  9. B170494 - Démission. lbr.lu (02.03.2020). Gekuckt de(n) 26.07.2022.
  10. B170494 - Modification non statutaire de mandataires. lbr.lu (29.07.2020). Gekuckt de(n) 26.07.2022.