Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Tuerm um Findel. Fir den Aussiichtstuerm zu Tréier, kuckt wgl. Lëtzebuerger Tuerm (Tréier).

Luxembourg Tower, ass de Kontrolltuerm dee sech ëm all Fluchbeweegunge beim Fluchhafe Lëtzebuerg an all Deplacementer vu Gefierer a Fligeren um Buedem vum Fluchhafe bekëmmert. Den Tuerm steet tëscht dem Hangar vun der Luxair an dem ale Cargocenter vun der Swissport.

Den Tower vum Fluchhafe Findel

Departen änneren

Den Tuerm erlaabt dem Pilot d'Motoren ze starten an duerno erlaabt en him bis bei d'Piste ze fueren, gëtt him ënnerwee d'Clearance an erlaabt him schlussendlech, ofzehiewen. Duerno mellt de Pilot sech bei der Approche.

Landungen änneren

De Pilot mellt sech beim Tuerm nodeem e vun der Approche dohi geschéckt gouf. Am Laf vun der Approche gëtt den Tuerm dem Pilot d'Landeerlaabnes. Dofir muss d'Pist fräi sinn, an de Fluchloots muss mat der Héicht an der Vitess vum Fliger den eraflitt d'accord sinn. Nodeem e gelant ass, gëtt e bei den Terminal gelootst. (Beispill)

Um Buedem änneren

Den Tuerm geréiert och d'Ofleef um Buedem, fir vun der Parkpositioun bei d'Pist ze fueren. D'Virfaarten um Buedem ginn och vum Tuerm gereegelt.

Frequenzen änneren

D'benotzt Frequenz ass 118.1 MHz, fir Noutfäll gëtt déi international Nout-Frequenz 121.5 MHz benotzt.

Beispiller änneren

Vun Un Message
Swiss 75T Tower Luxembourg Tower, hello Swiss 7 5 Tango established ILS Runway 24, 8 Miles
Tower Swiss 75T Swiss 7 5 Tango good evening, continue approach Runway 24, a Boeing 747 ist departing ahead, the wind: 220 degrees 8 knots
Swiss 75T Tower We continue, Swiss 7 5 Tango
Tower Swiss 75T Swiss 7 5 Tango, wind 220°, 6 knots, runway 24 cleared to land
Swiss 75T Tower Cleared to land Runway 24, swiss 7 5 Tango
Tower Swiss 75T Swiss 7 5 Tango, vacate via Delta 1 to the right to Parking number 1
Swiss 75T Tower Right to Parking number 1, bye bye Swiss 7 5 Tango

Swiss 7 5 Tango ass d'Ruffzeeche vum Owesfluch LX758 Zürich - Lëtzebuerg vun der SWISS.

Vun Un Message
Air Rescue 1 Tower Luxembourg Tower, Helicopter Air Rescue 1, schéine gudden Owend
Tower Air Rescue 1 Helicopter Air Rescue 1, good evening
Air Rescue 1 Tower Air Rescue 1 at Centre, we would like to depart for landing B3
Tower Air Rescue 1 Helicopter Air Rescue 1, proceed, QNH 1012, runway in use 24 and Dash 8 establishing on roughly 5 miles
Air Rescue 1 Tower 1012, 24 in use, proceed as requested and we will look for Dash-8
Tower Air Rescue 1 Helicopter Air Rescue 1, wind 270°, 9 knots, from present position, cleared to land taxiway B3
Air Rescue 1 Tower Cleared to land, B3, Air Rescue 1
Tower Air Rescue 1 Helicopter Air Rescue 1, air-taxi inbound apron P5, bye-bye
Air Rescue 1 Tower P5, Eddi schéinen Owend

Air Rescue 1 ass dee Rettungshelikopter dee fir de SAMU Lëtzebuerg flitt. B3 ass deen Taxiway op deem d'Helikoptere vun der Air Rescue a vun der Police starten a landen.

Um Spaweck änneren

  • Tower op der Websäit vu Luxembourg Air Traffic Control