Adrienne d'Huart

lëtzebuergesch Molerin


D'Adrienne Baudoin-d'Huart, genannt Miny, gebuer de 26. Juli 1892 zu Carignan, a gestuerwen den 3. September 1992 zu Eaubonne[1], war eng lëtzebuergesch Molerin[2].

Adrienne d'Huart
Gebuer 26. Juli 1892
Carignan
Gestuerwen 3. September 1992
Eaubonne
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Famill
Papp Ferdinand d'Huart

D'Adrienne d'Huart war d'Duechter vum Moler Ferdinand d'Huart (1858-1919) an der Marguerite Marthe Lecluse de Mesempré (1869-1956).[3] 1907 ass d'Famill op Lëtzebuerg geplënnert. D'Adrienne d'Huart gouf vun hirem Papp enseignéiert an huet op der Académie Julian an der Académie de la Grande Chaumière zu Paräis Molerei studéiert. Nom Doud vun hirem Papp 1919 huet d'Huart sech a Frankräich néiergelooss, si huet awer och nach weider zu Lëtzebuerg ausgestallt. 1923 huet si de Georges Baudoin (1897-1964) bestuet.

D'D'Huart huet haaptsächlech Blummen a Landschafte gemoolt. Am Joer 1916 hat si hir éischt Ausstellung, zesumme mat hirem Papp. Si war Member vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) a huet reegelméisseg un den alljärlechen Salonen deelgeholl. 1982 huet de CAL eng Retrospektiv bei Geleeënheet vun hirem 90. Gebuertsdag organiséiert. Si hat Soloausstellungen an de Galerië Bradtke (1935), Wierschem (1937, 1969) a Becker (1989).

Zesumme mam Pierre Blanc, dem Joseph Kutter a dem Jean Schaack huet si 1935 un der Weltausstellung zu Bréissel deelgeholl. Hiert Wierk gouf an d'Collectioun vum Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht opgeholl.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Stierfregëster vun der Gemeng Eaubonne (Adrienne D HUART décédée le 3 septembre 1992 à l'age de 100 ans et née à Carignan (08) le 26 juillet 1892. Acte numéro 379)
  2. Jos Welter, réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Letzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  3. Jules Mersch (1969) "Les barons d'Huart", Biographie nationale du pays de Luxembourg.