De Laangegronn ass e Flouer zu Rëmeleng, ëm den Escher Wee, vun der Spillschoul an der Happstrooss (Rue du Houblon) bis bei déi fréier Intermoselle.

Urspronk vum Flouernumm änneren

Am 19. Joerhonnert, ier d'Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn 1884 fäerdeg gouf, war just an der Géigend vum haitege Klinkerwierk, vis-à-vis vum alen Escher Wee, e Quai, vun deem aus d'Minett op Päerdsween geluede gouf, fir se op Stadbriedemes ze féieren, vu wou aus se iwwer d'Musel an d'Saar an d'Saarland bruecht gouf. Dee schmuele Wee vum Quai gouf ëmmer méi verlängert, de Wee "am Laange" gouf zum "Laangegronn", a schliisslech krut de ganzen Escher Wee wéi uewe beschriwwen deen Numm[1]. No der Intermoselle leeft den alen Escher Wee weider duerch de Welteschgrond, och wann och do zum Deel den Numm iwwerlagert gouf.

Minièren änneren

Et gouf och zwou Minettskonzessioune mam Numm Laangegronn. Dat waren zanter 1897/98 d'Nummer 404 (37ha 31a 89ca) a vun 1913 un hir Extensioun 377 (74ha). D'Galerie goung eran am Laangegronn tëscht de Konzessioune Prince Henri a Rembuer (do wou och haut de Minnemusée erafiert) an huet hanner Walert op Ëtteng III zou gedréit, mat där d'Konzessioun och verbonne war, well hir Minett dohi gefouert gouf fir da mat der Seelbunn op d'Déifferdenger Schmelz bruecht ze ginn. D'Extensioun huet sech westlech ugeschloss an ass bis Origerbësch an Eechels gaangen. Concessionnaire war d'Hauts-fourneaux de Differdange, no där hirer Faillite dann d'Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG, där hire Besëtz nom Éischte Weltkrich vun der HADIR iwwerholl gouf[2].

1964 ass mat der Fërderung opgehale ginn, a just nach d'Haaptgalerie blouf op fir d'Minett vum Huttbierg weider bei d'Ëttenger Seelbunn ze bréngen. 1973-1974 gouf an der Grouf Laangegronn eng Staumauer gebaut vun 2 m Déckt, déi d'Waasser bis 30 cm ënner d'Grot Lager staut, fir datt et fir d'Intermoselle ofgepompelt ka ginn[3].

Nieft dem uewe genannten Hadir-Laangegronn gouf et awer am Welteschgrond nach eng Rei weider Minièren, déi Metzen/Arbed-Laangegronn genannt goufen. Se si bis op zwou all an den Holleschbierg eragaangen. Déi lescht dovun ass 1956 zougemaach ginn.

Referenzen änneren

  1. Nicolas Charpentier, Rümelinger Land und Leute, 1957
  2. Joseph Hoffmann, Les concessions minières dans le Grand-Duché de Luxembourg, Éditions du MNM, Rëmeleng 2010
  3. Fernand Lorang, Kayltaler Memorabilien, 1985, S. 127-128