Gare Bieles-Zolwer
D'Gare vu Bieles-Zolwer ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit op der Grenz vun de Sektiounen Zolwer am Westen a Bieles am Oste vun der Gemeng Suessem. Se gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
- Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.
![]() D'Gare Bieles-Zolwer a Richtung Esch gekuckt (2025) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Suessem |
Koordinaten | 49°30'54,288"N, 5°55'33,845"O |
Héicht i. M. | 345 m |
Reseau | |
Statiounscode | Bs |
Bedreiwer | CFL |
P.K. | 9,100 km |
Gleiser | 2 |
Passagéier/Joer | 63.609 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Uewerkuer, Gare Belval-Réideng |
![]() | |

Se läit tëscht der Gare Belval-Réideng an där vun Uewerkuer.
Op der Nordsäit vun der Gare ass e Park & Rail-Parking mat 16 Plazen an eng spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Um Parking ass eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen. D'Gare ass op der Halt Belvaux-Soleuvre, Gare routière un den TICE- an RGTR-Reseau ugebonnen.
Den Accès fir an d'Ënnerféierung fir de Quai ze wiesselen ass net behënnertegerecht.
Mat enger Lag op ronn 345 m ass d'Gare Bieles-Zolwer déi héchstgeleeën op der Streck tëscht Esch a Péiteng[1].
Geschicht
ännerenD'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng ass den 1. August 1873 opgaangen, mat deemools just véier Garen, dorënner och d'Gare Bieles. Westlech vun der Gare war de Gidderhaff ((fr) cour des marchandises) wou ë. a. d'Minett geluede gouf.
Am Kader vun der Moderniséierung vun der Streck an den 1980er an 90er Joren ass de Gidderhaff[Wéini?] fir zerguttst zougemaach an de Schapp ofgerappt ginn. Géintiwwer dem Voyageursgebai gouf e baussenzegt Gleis geluecht.
1968 gouf eng Ëmgeeungsstrooss gebaut mat där d'Barriär nieft der Gare vum 24. Juni 1987 un definitiv zoubliwwen an ewechgerappt ginn ass. Den 22. Mäerz 1987 huet den CFL-Verwaltungsrot den Accord fir de Bau vun enger Foussgängerënnerféierung ginn, mat där een och op den zweete Quai koum.
Am Joer 1987 ass en neit Stellwierk opgemaach ginn (15. Mäerz) an déi al Stroossebréck – déi zënter 1953 net méi benotzt gouf – gouf den 30. August ofgerappt.[2]
Zich déi an der Gare halen
änneren(Stand: Abrëll 2025)
Aller
ännerenAus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodangeänneren | ||||||
Lëtzebuerg | Belval-Réideng | RE | Uewerkuer | Rodange oder
Péiteng | ||
Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodangeänneren | ||||||
Miersch | Belval-Réideng | RE | Uewerkuer | Péiteng |
Retour
ännerenJeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Zukunftspläng
ännerenAm Kader vum geplangte Reamenagement vum Zentrum vu Bieles mat engem Corridor à haut niveau de service (CHNS) an dem Terminus vun der Tramslinn Fluchhafen - Bieles (och nach „séieren Tram“ genannt), ass et virgesinn déi zwou aktuell Garë Belval-Réideng a Bieles-Zolwer déi dezentral leien, mat enger neier Gare „Bieles-Gemeng“ z'ersetzen[3].
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gare Bieles-Zolwer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Graas, Aloyse et al. Gares et haltes des chemins de fer luxembourgeois = Bahnhöfe und Haltepunkte der luxemburger Eisenbahnen. 2e éd. non modifiée. Luxembourg: Les cheminots-philatélistes 61, 1984. Print, S. 251
- ↑ Quell vum Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Federmeyer, Ed, und Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode: W. Herdam Fotoverl., 2007. Print. (Esch-Petingen-Rodingen, pp. 370 383)
- ↑ (de)Bündelung der CFL-Haltestellen in Belvaux zu einem Umsteigeknoten mit der schnellen Tram und einem Bus-Hochleistungskorridor. Nationale Mobilitéitsplang (PNM 2035, plan national de mobilité) vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics S. 50. MMTP (2022). Gekuckt de(n) 21.04.2025.