Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Däitsch-Oth

Streck vun der Lëtzebuerger Eisebunn
(Virugeleet vu(n) CFL-Linn 6e)

D'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Däitsch-Oth ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vun Esch-Uelzecht bis op Däitsch-Oth.

Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Däitsch-Oth
Eng CFL-Automotrice aus der Serie 2000 an der Gare zu Däitsch-Oth
Streckekaart vun der Linn 6e
Linnennummer 6e
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Esch-Uelzecht
op Gare Däitsch-Oth
opgaangen 1. Abrëll 1880
Technesch Donnéeën
Längt 2,7 km
Gréisst Steigung 11 ‰
Klengste Radius 330 m
Spuerbreet Normalspuer
Vitesslimitatioun 40 km/h
Zuchsécherungssystem European Train Control System
Streck
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnellen - Barriären
P.K.
Esch-Uelzecht 0,0
Ofzweigung Linn 6f
Dieswee
Barriär rue J.-P. Bausch
franséisch Grenz
fréier Eisebunnsstreck Fontoy-Däitsch-Oth
D16 (F) (Rue Napoléon 1er)
Däitsch-Oth 2,7

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Däitsch-Oth gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

Linn änneren

D'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Däitsch-Oth gëtt als Linn 6e bezeechent; am kommerzielle Passagéierverkéier ass et eng Antenne vun der Linn 60[1]. Am franséische Reseau gëtt se ënnert der Nummer 196300 gefouert, mat der Bezeechnung "Connexioun Däitsch-Oth" (connexion Audun-le-Tiche).

Geschicht änneren

Den 20. Oktober 1875 huet de Lëtzebuerger Staat eng Konventioun mat der Guillaume-Luxembourg (GL) ënnerschriwwen iwwer eng Konzessioun fir eng Eisebunnslinn vun Esch iwwer déi franséisch Grenz bis op Däitsch-Oth, als Verlängerung vun der haiteger Linn 6a vu Beetebuerg op Esch. D'Konventioun gouf duerch d'Gesetz vum 7. Juli 1876[2] confirméiert, mat deem iwwerdeems och d'Exploitatioun vun der Linn - op Basis vun der Konventioun vun 1872 - duerch d'Direction générale impériale des chemins de fer d'Alsace-Lorraine erlaabt gouf.

De Schantjen huet am August 1877 ugefaangen an d'Streck goung den 1. Abrëll 1880 op.

Den 30. Januar 1883 ass eng Wierksofzweigung iwwer 1,5 km an d'Hiel opgaangen. Se ass de 17. Mee 1963 elektrifizéiert ginn, de Rescht vun der Streck de 15. Mee 1972.

Am Joer 1992, huet d'CFL eng Navette agesat fir d'Frontalieren dozou ze bréngen, op den ëffentleche Schinnentransport zeréckzegräifen. Dat huet mat sech bruecht, datt d'Streck bis op Däitsch-Oth komplett sanéiert gouf. D'Streck ass den 21. September 1992 opgaangen.

Déi fréier Streck an d'Hiel gouf no 2000 ewechgerappt.

Passagéierzuelen änneren

Op der Streck Esch - Däitsch-Oth goufen am Joer 2022 220.000 Leit transportéiert, dat Joer duerno waren et der 279.000[3].

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Däitsch-Oth – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Réseau op cfl.lu, gekuckt den 10. Mäerz 2020
  2. Loi du 7 juillet 1876 qui approuve la convention passée entre l'État du Grand-Duché et la Société Guillaume-Luxembourg, le 20 octobre 1875, au sujet de la concession du prolongement de la ligne de chemin de fer de Bettembourg à Esch vers la frontière lorraine dans la direction d'Audun-le-Tiche
  3. Luc Ewen, „Auf die Nebenlinien ist nicht immer Verlass“, Luxemburger Wort, 20.03.2024, S. 16