Passerell Gaalgebierg Esch-Uelzecht

D'Passerell fir op de Gaalgebierg, zu Esch-Uelzecht ass eng Foussgängerbréck, fir vum Zentrum vun der Stad Esch, iwwer d'Eisebunnsschinnen ewech, an den Escher Park an op de Gaalgebierg ze kommen.

Passerell Gaalgebierg
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht
Funktioun
Benotzt als Foussgängerbréck
Féiert iwwer CFL-Linn 6e a 6f
Technesch Detailer
Totallängt 110 m
Bemierkungen
Bauhär Stad Esch
Opgaangen 2009
uewendrop

Se steet nieft der Jugendherberg an der Gare Esch-Uelzecht, um Rond-Point de la Gare. Architekte waren de Büro Metaform mam Ingenieursbüro T6 Ney&Partners. Se ass aus Stol (iwwer 200 Tonne goufe verschafft) a besteet aus engem Trapenhaus mat Lift, an enger Bréck vun 110 m Längt an enger Héicht vun 21 Meter. Se ass bausse wäiss a bannen, an der iwwerdaachter Bréck, routbrong. Owes gëtt se beliicht.

D'Passerell gouf de 24. November 2009 ageweit. Se huet 3,4 Milliounen Euro kascht[1].

Am Februar 2011 gouf si vun de Lieser vum Architektur-Website Archdaily.com zum Building of the Year 2010 an der Kategorie Public facilities gewielt[2].

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Escher Passerelle Nr. 1." tageblatt.lu, 01. Mäerz 2011 10:38; Akt: 01.03.2011 11:08.
  2. Building of the Year 2010 Winners op archdaily.com