Haaptmenü opmaachen
(243) Ida I (Dactyl)
Den Asteroidesatellit Dactyl
Den Asteroidesatellit Dactyl
Provisoresch oder
systematesch Bezeechung
S/1993 (243) 1
Zentralkierper (243) Ida
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 108 km
Exzentrizitéit > 0,2?
Ëmlafzäit 1,54167 Deeg
Ëmlafvitess ≈ 0,0061 km/s
Inklinatioun
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser   1,4

(1,6 × 1,4 × 1,2) km

Mass  ≈ 4 • 1012 kg
Albedo  0,21 ± 0,02
Visuell Magnitude 13,6 (Absolut) mag
Entdeckung
Entdecker  Galileo

Ann Harch

Entdeckungsdatum  17. Februar 1994

Den Dactyl ass e klenge Mound vum Asteroid Ida, an den éischten entdeckten Asteroidemound. Säin Duerchmiesser huet an der Moyenne 1,4 km.

Inhaltsverzeechnes

Entdeckung a BenennungÄnneren

Den Dactyl gouf de 17. Februar 1994 vun der Ann Harch aus dem Team vun der Galileo-Missioun beim Nokucke vun opgezeechenten a spéider iwwerdroene Biller entdeckt, déi vun der Raumsond Galileo den 28. August 1993 gemaach goufe, wéi se laanscht den Ida geflunn ass. Déi Biller hunn den éischten direkte Beweis fir d'Existenz vun engem Asteroidemound geliwwert. D'Entdeckung gouf den 12. Mäerz 1994 publizéiert; de Mound hat dorop hin déi virleefeg Bezeechnung S/1993 (243) 1 kritt.

De 26. September 1994 gouf de Mound vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) offiziell no den Daktylen genannt, Dämonen aus der griichescher Mythologie, déi op dem Ida-Bierg op der griichescher Mëttelmierinsel Kreta gelieft hunn. D'Daktylen haten dee jonke Gott Zeus beschützt, nodeems hie vum Ida op dem Bierg verstoppt a groussgezu gouf. Aner mythologesch Quelle soen, datt d'Daktylen d'Kanner vum Ida an Zeus selwer sinn.

Dactyl ass déi englesch Singularform vun „Daktyloi“ (griichesch fir „Fanger“).

BunneegenschaftenÄnneren

ËmlafbunnÄnneren

Den Dactyl kreest op enger prograder Ëmlafbunn op engem Ofstand vun 108 km ëm den Zentrum (3,44 mëttler Idaradien) vum Ida. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,2; d'Bunn steet 8° schréi zum Equator vum Ida.

D'Ëmlafbunn vum Dactyl ass net prezis bekannt. D'Sond Galileo war um Bunneplang vum Mound, wéi déi meescht Fotoe gemaach goufen, wat déi genee Bunnbestëmmung méi schwéier gemaach huet.

 
Potenziell Ëmlafbunn vum Dactyl ëm den Asteroid Ida

Am Ament vum Laanschtfluch war den Dactyl ongeféier 85 km vum Ida ewech. Op Basis vu Computersimulatioune muss de Perihel vun der Dactylbunn op d'mannst ronn 65 km bedroen, fir eng stabil Ëmlafbunn ze garantéieren. D'Bandbreet vun de berechenten Ëmlafbunnen gouf duerch d'Noutwendegkeet ageschränkt, datt dës duerch déi vu Galileo observéiert Punkten um 16:52:05 UT bei 85° Längt hu lafe missen.

Déi genee Ëmlafzäit konnt net ermëttelt ginn a gëtt op 37 Stonne geschat.

RotatiounÄnneren

D'Eegerotatioun ass op d'mannst aacht Stonnen, ass awer méiglecherweis mat der Ëmlafzäit synchron. D'Längsachs vum Mound war zum Zäitpunkt vum Laanschtfluch op den Asteroid Ida ausgeriicht, wat éischter op eng synchron Rotatioun hindeit.

Physikalesch EegenschaftenÄnneren

 
Den Dactyl am reflektéierte Liicht vum Ida

Den Dactyl ass en onregelméisseg geformten, awer bemierkenswäert gläichméissegen ellipsoide Kierper mat enger Gréisst vun 1,6 × 1,4 × 1,2 km. D'Ofwäichung vun engem perfekten Ellipsoid ass héchstens 130 Meter. D'Mass vum Dactyl gëtt op 4 • 1012 kg geschat.

Wéi beim Ida ass och d'Uewerfläch vum Dactyl mat Krateren iwwerséit, wat op en héijen Alter hiweist. Hien huet op d'mannst eng Dose Krateren, déi méi grouss wéi 80 Meter sinn. Déi béid gréisst goufen Acmon an Celmis genannt. Acmon ass op dem beschtopgeléiste Bild genee op der Dag-Nuecht-Grenz (138° O, 39° S) an huet 280 Meter, Celmis läit eppes méi déif vun der Bildmëtt (220° O, 46° S) am Schiet an huet 160 Meter. Op d'mannst sechs Kratere vun enger linearer Kette weisen op lokal entstane Brochstécker hin, déi méiglecherweis vum Ida ofgesprengt goufen an op de Mound ageschloe waren. D'Katere vum Dactyl hunn am Ënnerscheed zu deenen um Ida méiglecherweis Zentralbierger. Dëst an déi ronn Form weisen drop hin, datt den Dactyl trotz senger klenger Gréisst gravitativ gebonnen ass. D'Uewerflächentemperatur huet an der Moyenne déi vum Ida, a gëtt op −73 °C geschat.

Am Spektrum gläichen den Ida an den Dactyl den anere Membere vun der Koronis-Famill. Kleng spektral Ënnerscheeder deiten drop hin, datt deen duerch de Weltraum bedéngte Verwitterungsprozess op den Dactyl manner aktiv wéi op den Ida ass. Seng kleng Gréisst géif d'Bildung vu vill Regolith onméiglech maachen, am Ënnerscheed dozou ass den Ida vun enger décker Schicht vun dësem Material bedeckt. Ausserdeem gëtt ugeholl, datt an der Zesummesetzung vun de béide Kierper den Deel vu Pyroxenen an Olivine beim Dactyl méi héich ass.

Zu der Genesis vum Dactyl existéieren zwou Theorien: Entweder gouf den Dactyl bei engem Aschlag vun engem anere Klengkierper op dem Ida vum Asteroid a vergläichsweis jonker Vergaangenheet ofgesprengt, oder den Ida an den Dactyl sinn d'Reschter vun engem nach méi groussen Urspronkskierper, dee bei enger Kollisioun mat engem aneren Asteroid komplett zersprengt gouf an dobäi d'Koronis-Famill gebilt huet. Et ass och méiglech, datt viru 100 Millioune Joer e gréisseren Aschlag um Dactyl war, deen deem seng Gréisst reduzéiert hat.

ErfuerschungÄnneren

 
Den Asteroid Ida mam Mound Dactyl (riets)

D'Sond Galileo hat den 28. August 1993 47 Fotoe vum Dactyl a 5,5 Stonnen opgeholl. Beim éischte Bild vum Dactyl war d'Sond 10.760 km vum Asteroid Ida ewech an 10.870 km vum Mound Dactyl; 14 Minutte méi spéit war dat Gréisst Erukommen (2.393 km un den Ida) un d'System. Déi bescht Opléisung beim Dactyl waren 39 Meter pro Bildpunkt.

De 26. Abrëll 1994 hat den Hubble-Weltraumteleskop während aacht Stonnen d'System observéiert, woubäi et net an der Lag war, den Dactyl duerch déi kleng Gréisst a seng kuerz Distanz zum Ida ze lokaliséieren. Dat wier nëmme bei enger minimaler Distanz vu 700 km méiglech gewiescht.

Zanter der Entdeckung vum Dactyl, dee scho beim zweete Laanschtfluch bei engem Asteroid entdeckt gouf, gëtt dovun ausgaangen, datt Asteroidemounde keen ongewéinleche Phenomen an der Asteroidenceinture sinn. Schonn am November 1998 gouf vun der Äerd aus en zweeten Asteroidemond mam Numm Petit-Prince entdeckt, deen den Eugenia ëmkreest.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren