(45) Eugenia
Den (45) Eugenia ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,720 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,0813 |
Sideresch Ëmlafzäit | 4 a 178 d |
Mëttel Bunnvitess | 18,0 km/s |
Inklinatioun | 6,61 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 215 km |
Mass | 5,8 • 1018kg |
Mëttel Dicht | 1,12 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 5 h 42 min |
Albedo | 0,0398 |
Absolut Hellegkeet | 7,46M |
Spektralklass | FC |
Entdeckung | |
Entdecker | H. M. S. Goldschmidt |
Entdeckungsdatum | 27. Juni 1857 |
Plaz | Paräis |
Aner Bezeechnungen | 1941 BN |
Den Objet gouf de 27. Juni 1857 vum Hermann Mayer Salomon Goldschmidt entdeckt.
Den Himmelskierper gouf no der Eugénie de Montijo, der Fra vum Napoleon III., genannt.
Mat engem Duerchmiesser vun 215 km ass den Eugenia ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Hien huet eng donkel, kuelestoffräich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04. Déi niddreg Dicht vun 1,12 g/cm3 weist drop hin, datt den Himmelskierper e rubble pile, eng labber Usammlung vu Stëbs a Gestengs, kéint sinn.
Mound
ännerenDe 6. Oktober 1999 gouf en natierleche Satellit beim Eugenia entdeckt a vum Antoine de Saint-Exupery nom klenge Prënz Petit-Prince genannt. Et handelt sech ëm een 13 km grousse Kierper, deen den Eugenia op enger Distanz vun 1.184 km a 4,766 Deeg ëmkreest. Nom Dactyl war dëst déi zweet Entdeckung vun engem Asteroidemound.
Am Mäerz 2007 gouf d'Entdeckung vun engem zweete Mound bekannt ginn. Den Objet, deen de provisoreschen Numm S/2004 (45) 1 krut, gouf op Fotoen aus dem Joer 2004 entdeckt[1].
Aspekter
ännerenStationär da réckleefeg |
Oppositioun | Oppositioun Distanz |
Oppositioun Hellegkeet |
Stationär da rechtleefeg |
Konjunktioun |
---|---|---|---|---|---|
6. Abrëll 2014 | 21. Mee 2014 | 1,49480 AE | 10,8 mag | 7. Juli 2014 | 21. Januar 2015 |
30. Juli 2015 | 12. September 2015 | 1,81065 AE | 11,2 mag | 5. November 2015 | 26. Abrëll 2016 |
21. Oktober 2016 | 11. Dezember 2016 | 1,94505 AE | 11,6 mag | 1. Februar 2017 | 28. Juli 2017 |