Den (243) Ida ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen den 29. September 1884 vum Johann Palisa am Observatoire zu Wien entdeckt gouf.

(243) Ida
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,8612 A.E.
Exzentrizitéit 0,0460
Sideresch Ëmlafzäit 4 Joer 306 Deeg 8 Stonnen
Mëttel Bunnvitess 17,61 km/s
Inklinatioun 1,1375 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 59,8 × 25,4 × 18,6 km
Mass 4,12 × 1016
Mëttel Dicht 2,5 g/cm³
Rotatiounsperiod 4 h 38 min 2 s
Albedo 0,238
Absolut Hellegkeet 9,94M
Spektralklass S-Typ
Entdeckung
Entdecker Johann Palisa
Entdeckungsdatum 29. September 1884
Plaz Universitéitsobservatoire Wien

Den Ida ass en onreegelméisseg geformte Kierper. Seng Uewerfläch ass hell a silikaträich.

Den 28. August 1993 ass d'Raumsond Galileo beim Asteroid op enger Distanz vun 10.500 km laanschtgeflunn an huet CCD-Fotoen op d'Äerd geschéckt. D'Fotoe weisen een onreegelméisseg geformten Himmelskierper, (kuckt d'Foto riets) dee vun Aschlagkrateren iwwerséit ass. Grouss Deeler vum Asteroid si vun enger Stëbsschicht, dem Regolith, bedeckt.

Et huet sech weiderhin erausgestallt, datt den Ida vun engem klengen natierleche Mound ëmkreest gëtt. Dësen nëmmen 1,4 km grousse Mound krut den Numm Dactyl, a war den éischten Asteroidemound deen observéiert gouf.

Den Ida vu verschiddene Säiten
Biller vum Laanschtfluch, déi 5,4 Stonne virum Passéieren ufänken, weisen d'Rotatioun

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: 243 Ida – Biller, Videoen oder Audiodateien