D'Fifties zu Lëtzebuerg
D'Fifties zu Lëtzebuerg ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Andy Bausch.
![]() | |
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2013 |
Première | 2013 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie | Carlo Thiel |
Musek | Pascal Schumacher |
Produzent |
Paul Thiltges Distributions Juliette Films |
Schauspiller | |
Nilton Martins Claire Thill Christiane Rausch Gilles Soeder Will Aust Témoignage vun: Nic Weber, Fernand Fox, Josy Stoffel, Rosch Krieps, Lex Roth, Pe'l Schlechter, Bim Diederich, Jean Defrang, Fernand Meneghetti, Colette Flesch, Gaston Vogel, Vic Haas, Roger Quaino, Mario Igniti, Joseph Bofferding, Josée Jaminet, Jerry Darnelle, Albert Breuer, Mésy Faber-Bergamini, Lucien Haas, Jempy Schmitz, Pilo Fonck, Henri Losch | |
En ass den 23. Oktober 2013 an de Kinoen ugelaf.[1]
Ëm wat geet et am Film?Änneren
De Film retracéiert, unhand vun Dokumenter (ë. a. Zeitungsartikelen, Amateuropnamen, Filmer vum Philippe Schneider, Fotoe vum Théo Mey, Tony Krier a Paul Aschmann) an nogespillte Zeenen, anekdotesch d'Zäit vun den 1950er Joren zu Lëtzebuerg.
Thematiséiert ginn ë. a. d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg mat der Prinzessin Joséphine-Charlotte vun der Belsch, dem Robert Schuman säi Schumanplang, d'Arbed, de Kale Krich, d'Victoirë vun de Vëlossportler Bim Diederich, Jempy Schmitz, Elsy Jacobs a Charly Gaul, vum Leefer Josy Barthel a vum Turner Josy Stoffel, de Foussballclibb Alliance Diddeleng a Jeunesse Esch, d'Opkomme vum Rock'n'Roll, de Film Die Sünderin an d'Roll vun der Kierch an der Gesellschaft.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- "Aufbruch zu besseren Zeiten." journal.lu, 2013-10-09.
- "Auf Zeitreise in die Fünfziger mit Andy Bausch." wort.lu, 2013-10-10 17:46.
- Fiche op der Internet Movie Database