Communauté européenne du charbon et de l'acier
D'Communauté européenne du charbon et de l'acier, kuerz: als CECA, Schumanplang oder Montanunioun bezeechent, ass déi éischt europäesch Communautéit.




Si gouf den 18. Abrëll 1951 zu Paräis vun Däitschland, Frankräich, Italien, Holland, der Belsch a Lëtzebuerg gegrënnt.
Si geet zeréck op d'Iddi vum Jean Monnet a Robert Schuman, déi doduerch de Fridden an Europa séchere wollten, andeems datt Frankräich, Däitschland, an aner Länner déi wollten, hir Produktioun vu Kuel a Stol sollten zesummeleeën (kuckt dozou: Schuman-Deklaratioun).
D'Héich Autoritéit, d'Exekutivorgan vun der CECA, hat hire Sëtz zu Lëtzebuerg, op der Metzer Plaz. Do huet se – no enger Aweiungsséance an der Stater Märei[1] – den 10. August 1952 mat hir Aarbecht ugefaangen.
Opgrond vum CECA-Traité ass de Gemeinsame Stolmaart den 1. Mee 1953 opgaangen an den Éischten Europäesche Stol gouf dunn zu Esch-Uelzecht gegoss.
1957 gouf d'CECA, zesumme mat der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft an der Europäescher Gemeinschaft fir Atomenergie, zu den Europäesche Communautéiten zesummegefaasst, déi spéider, mam Traité iwwer d'Europäesch Unioun (och bekannt als Vertrag vu Maastricht), an d'Europäesch Unioun iwwergoungen.
Zu Diddeleng ass eng Strooss (Rue Ceca) an zu Esch-Uelzecht eng Cité no der CECA (Cité C.E.C.A.) genannt.
Institutioune vun der CECA Änneren
Opgrond vum CECA-Vertrag goufe follgend Institutioune geschaf:
- Eng Héich Autoritéit (Haute autorité), Exekutivorgan vun der CECA, assistéiert duerch e Comité consultatif;
- E Ministerrot,
- eng Europäesch consultativ Versammlung an
- en Europäesche Geriichtshaff.
Wéi d'Europäesch Verträg fusionéiert goufen, huet d'Europäesch Kommissioun d'Aufgabe vun der Haute autorité iwwerholl. Aus der Europäescher consultativer Versammlung, déi spéider Assemblée parlementaire européenne geheescht huet an deene hir Memberen nach vun den nationale Parlamenter bestëmmt goufen, ass dat fräigewielten Europäescht Parlament ervirgaangen.
De Vertrag vun der CECA ass den 23. Juli 2002 ofgelaf an net méi erneiert ginn. Seng Funktioune goufe vum Traité iwwer d'Europäesch Unioun iwwerholl.
D'Missioun vun der Héijer Autoritéit war et, fir supranational Entscheedungen ze treffen, jee nodeem onmëttelbar, oder no Unhéierung vum Comité consultatif oder/an dem Ministerrot. A gewësse Fäll war d'Zoustëmmung vum Ministerrot erfuerdert. D'Entscheedungsgewalt am Stol-, Kuelen- an am Äerzberäich ass domat de 6 Grënnerstaate vun der CECA entzunn an op d'Héich Autoritéit vun der CECA iwwerdroe ginn.
Déi éischt Membere vun der Haute autorité Änneren
D'Nominatioun vun de Membere vun der Héijer Autoritéit huet deemools eng hefteg Diskussioun, an déi och d'Arbed verwéckelt war, ausgeléist. Et goung ënner anerem drëm, wéi een Afloss d'Patronat an d'Gewerkschaften am zukünftegen Exekutivorgan vun der Montanunioun sollten hunn, wéi de Bäitrag Sturm im Wasserglas et beweist. Schliisslech hu sech d'Regierungen op déi follgend Kompositioun gëeenegt:
- Jean Monnet, President (Frankräich)
- Franz Etzel (Däitschland)
- Heinz Potthoff (Däitschland)
- Albert Coppé (Belsch)
- Albert Wehrer (Lëtzebuerg)
- Dirk Spierenburg (Holland)
- Paul Finet (Belsch)
- Léon Daum (Frankräich)
- Enzo Giacchero (Italien)
Presidente vun der Héijer Autoritéit Änneren
- Jean Monnet, Fransous, (1952-1955)
- René Mayer, Fransous, (1955-1957)
- Paul Finet, Belsch, (1958-1959)
- Piero Malvestiti, Italieener, (1959-1963)
- Dino Del Bo, Italieener, (1963-1967).
De Lëtzebuerger Bäitrag bei der Kreatioun vum Schumanplang Änneren
De Verzicht op d'Ausübung vun nationale Souveränitéitsrechter am Beräich vun der Schwéierindustrie hat fir Lëtzebuerg déi gréisst Konsequenzen. Keen anert vun de sechs Grënnerlänner huet eng Industrie der Héijer Autoritéit ënnerstallt, déi zu 24 % oder méi zu sengem Bruttoinlandsprodukt (BIP) bäigedroen huet.
Eng Rei vu Lëtzebuerger a Persoune vu Lëtzebuerger Ofstamung hunn, nieft dem Robert Schuman, dem Joseph Bech an dem Albert Wehrer, vill zum Erfolleg vum Schumanplang bäigedroen. Et sinn dat:
- Christian Calmes
- Charles Reichling
- Tony Rollman
- Paul Reuter
- Och net ze vergiessen d'Journalisten:
- Roger Bestgen (RTL)
- Joseph Hanck (Tageblatt)
- Rainer Hellmann (VWD)
- Léon Kinsch (Agence Belga, d'Lëtzebuerger Land)
- Tony Krier (Fotograf)
- Marcel Mart (Agence Europe)
- Théo Mey (Fotograf)
- Willy Müller (Journal)
- Prosper Schröder (Wort)
D'Sëtzfro vun den Europäesche Communautéiten Änneren
D'Fro, wou d'Communautéiten hire Sëtz sollten hunn, huet 40 Joer bis zu enger Léisung gebraucht.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sëtz (Europäesch Institutiounen).
Literatur Änneren
- Elena Danescu, 2021. Quand l'Europe emménagait au Luxembourg. Luxemburger Wort vum 17./18. Abrëll 2021, S. 12.S.
Kuckt och Änneren
- Déi aner Organer vun der CECA:
- Déi haiteg Organer vun der Europäescher Unioun:
- an och d'Artikelen:
Um Spaweck Änneren
- Text vum Traité
- Offiziell Säit iwwer de 50. Anniversaire vun der CECA
- Kuckt de Film vum 50. CECA-Anniveraire (Windows Mediaplayer noutwenneg)
Commons: European Coal and Steel Community – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Biller Änneren
-
Den éischte CECA-President Jean Monnet an der Villa vum Hotel Grand-Chef mat zwou Sekretärinnen an engem Gaascht. Wanter 1952-1953.
-
Plackett um Hotel Grand-Chef zu Munneref
-
Karikatur vum Albert Simon: Die Fahnen des Schumanplans wehen über Luxemburg.
- ↑ cf: Commemoratiounsplack an der Stater Märei