Pascal Schumacher

Vibraphonist, Komponist, Professer

De Pascal Schumacher gebuer den 12. Mäerz 1979, ass e lëtzebuergesche Museker, Komponist a Professer am Stater Conservatoire. Hien ass zënter dem Dezember 2018 Ambassadeur fir d'Hëllefsorganisatioun SOS-Kannerdierfer[1].

Pascal Schumacher
Gebuer 12. Mäerz 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Bandleader, Jazzmuseker

Studien änneren

De Pascal Schumacher huet am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg Perkussioun geléiert, duerno huet hie sech um Conservatoire National de Région - Strasbourg op Marimba a Vibraphon spezialiséiert. Duerno huet hien um Conservatoire Royal de Bruxelles an um Koninklijk Conservatorium vun Den Haag Jazz studéiert, an e Master a Musikologie op der Université Marc Bloch vu Stroossbuerg gemaach. Do dernieft huet hien eng sëllege Coursen a Workshope bei Leit wéi Gary Burton, Mike Manieri, David Friedman, Stefon Harris gemaach.

Karriär änneren

1995 huet de Pascal Schumacher, zesumme mat der Saxophonistin Nadine Kauffmann, den Ensembel Interchange gegrënnt.

1998 krut en den IKB Jugend-Förderpreis an 1999 de Prix Norbert Stelmes vun de Jeunesses Musicales Luxembourg. Zanter 1997 spillt de Pascal Schumacher mat verschiddene Bands, wéi dem Kristen Cornwell Quintet, dem Marc Demuth Quartet, Gasz3, an huet mat Jazzmuseker zesummegespillt wéi dem Rabih Abou Khalil, Wolfgang Haffner, Jef Neve, Michael Wollny, Kenny Barron, Marc Demuth, Jeff Herr, Jim Grandcamp, Greg Lamy, Sylvain Rifflet, Francesco Tristano Schlimé, Brice Soniano, Oliver Strauch…

Zanter 2003 huet e säin eegene Quartett, de Pascal Schumacher Quartet. Am August 2004 huet dës Band den Éischte Präis an de Publikumspräis um Tremplin Jazz zu Avignon kritt, an am November 2005 de belschen Django d'Or an der Kategorie "Nei Talenter".

Am Laf vun de Joren huet de Pascal Schumacher och als Solist gespillt, ë. a. mam Zürcher Kammerorchester, mam WDR Rundfunkorchester Köln, der Camerata Megaron Athen, dem Orchestre Philharmonique du Luxembourg, dem Orchestre de Chambre du Luxembourg, United Instruments of Lucilin, dem Deutsches Kammerorchester Berlin, der Neue Philharmonie Frankfurt an der Junge Norddeutsche Philharmonie.

Enseignement änneren

De Pascal Schumacher enseignéiert klassesch Perkussioun an Jazz Vibraphon am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg.

Discographie änneren

  • Change Of The Moon, Igloo Records (2004), Bréissel
  • Personal Legend, Igloo Records (2006), Bréissel
  • Silbergrau, Igloo Records (2007), Bréissel
  • Here we Gong, Enja Records (2009), München
  • Face to Face, Enja Records (2010), München
  • Bang My Can, Enja Records (2011), München
  • Left Tokyo Right, Laborie Jazz (2015), Limoges
  • Afrodiziak, MPS Records (2015), Hamburg
  • Drops & Points, Modulating Music (2017), Luxembourg
  • Drops & Points Reworks, Modulating Music (2018), Luxembourg
  • SOL, Neue Meister, Edel (2020), Berlin
  • SOL - The Mudam Session, Neue Meister, Edel (2020), Berlin
  • LUNA, Neue Meister, Edel (2022), Berlin
  • CTRL-Variations, Neue Meister, Edel (2023), Berlin

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Pascal Schumacher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Lëtzebuerger Museker Pascal Schumacher neien Ambassadeur op rtl.lu den 12. Dezember 2018