Pilo Fonck

lëtzebuergesche Sportsreporter
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pilo Fonck, gebuer als Paul René Alphonse Fonck den 22. Abrëll 1938 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Sportsjournalist.[1]

Pilo Fonck
Gebuertsnumm Paul René Alphonse Fonck
Gebuer 22. Abrëll 1938
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Reporter, Sportsjournalist, Auteur

Tëscht 1959 an 1995 war de Pilo Fonck Sportreporter bei RTL, fir d'éischt um Radio a spéider och op der Tëlee. Zanterhier schreift hien ënner anerem fir den Télécran.

President vum Conseil supérieur des sports änneren

Am September 2009 gouf de Pilo Fonck vum Sportsminister Romain Schneider zum President vum Conseil supérieur des sports ernannt.[2],[3] Hie gouf an deem Gremium den Nofollger vum Affi Scherer.[4]

 
D'Buch vum Pilo Fonck

Vum deem Mandat ass hien awer schonn no manner wéi engem Joer duerno zeréckgetrueden, aus Protest dogéint datt de selwechte Minister hien an de Gab Deibener aus dem Verwaltungsrot vun der Coque erausgehäit hat. De Minister huet seng Decisioun mat dem virgeschréckten Alter vum Pilo Fonck an dem Gab Deibener begrënnt. Dat huet de Pilo Fonck awer net sou einfach gëlle gelooss a seng Meenung dem Minister an engem oppene Bréif matgedeelt.[5]

Säin Nofollger am Conseil supérieur des sports gouf dunn den Denis Scuto, dee bis dohi Vizepresident war.[6]

Publikatiounen änneren

Literatur änneren

  • Kevin Zender: Ein Leben voller Sport - Der ehemalige Radio- und TV-Journalist Pilo Fonck feiert morgen seinen 80. Geburtstag, am Luxemburger Wort vum 21. Abrëll 2018, S. 82

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. De Pilo Fonck op der Websäit vum Conseil de presse
  2. Dee Conseil soll Avise fir de Sportsministère ausschaffen an e besonnesch a budgetäre Froe beroden.
  3. "Pilo Fonck leitet obersten Sportsrat". wort.lu, 23.09.2009 20:21.
  4. Communiqué vum Service information et presse, rtl.lu 16. Oktober 2009
  5. Coque: Robert Schuller neie President vum Verwaltungsrot (mat engem Extrait aus dem Pilo Fonck sengem Bréif) rtl.lu 18.Juni 2010
  6. Conseil supérieur des sports: Denis Scuto neie President rtl.lu 10. Juli 2010.