De Roger Quaino, gebuer den 18. Mäerz 1927 zu Uewerkuer a gestuerwen de 14. Oktober 2018 zu Nidderkuer[1], war e fréiere lëtzebuergesche Varieté-Kënschtler, dee sech an den 1950er an 1960er Jore mat sengen Equilibriste-Konschtstécker international een Numm gemaach hat.

Roger Quaino
Gebuer 18. Mäerz 1927
Uewerkuer
Gestuerwen 14. Oktober 2018
Nidderkuer
Nationalitéit Lëtzebuerg

Vun 1949-1952 huet hien op der Hadir geschafft. Tëscht 1952 an 1967 huet hie säin Hobby zu sengem Beruff gemaach. Hien ass uechtert d'Welt op Tournée gaangen an ass zesumme mat bekannten Artiste vun deemools opgetrueden. Vun 1967 bis 1981 war hie Schwammmeeschter zu Uewerkuer. Hien ass awer nach, bis 1978, all Mount am Kaderprogramm vun der Zéiung vun den Nummere vun der Nationallotterie opgetrueden.

Seng Nummeren hunn z. B. dora bestanen, um Eck vun engem Wierfel, deen op engem Reef stoung, sech op just ee Fanger gestäipt am Gläichgewiicht ze halen, oder den Héichstand mat engem Aarm ze maachen op engem Reesbengel, deen op engem Foussball stoung, dee sengersäits op enger Bull louch.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Annonce vum 20. Oktober 2018 am "Luxemburger Wort"