Kinepolis Luxembourg

(Virugeleet vu(n) Utopolis)
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Kinepolis Luxembourg ass e Multiplex-Kino um Kierchbierg, deen zum Kinepolis Group gehéiert a vun deem bedriwwe gëtt. Kinepolis huet de Multiplex Enn 2015 vum Utopia Group ofkaf, grad wéi och déi aner Kinoen, déi em gehéiert haten.[1]

Kinepolis Luxembourg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Kierchbierg
Koordinaten 49°38'3"N, 6°10'23"O

De Kino goung am Dezember 1996 ënnert dem Numm Utopolis op a krut den Zousaz "Kierchbierg", wéi den Utopolis Group aner Kinoen ënnert deem Numm bedriwwen huet.

En huet 10 Projektiounssäll mat enger Gesamtkapazitéit vun 2693 Sëtzplazen an ass domat dee gréisste Kinoskomplex am Land.

2019 gouf e frësch gemaach.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  1. "Kinepolis Group takes over Utopolis' activities in Luxembourg, the Netherlands and France." op euroinvestor.com, 9. November 2015.