Croissance

bronze Skulptur vum Lucien Wercollier

La Croissance[1] ass den Numm vun enger monumentaler bronze Skulptur aus dem Joer 1963 vum Lucien Wercollier, déi um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg steet.

Croissance
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Ageweit 1963
Héicht 4,50 m
Material Bronz
Bauhär Stad Lëtzebuerg (Verwaltung)
La croissance, beim europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg (2008)
Riets am Bild d'Fort Niedergrünwald-Strooss an den 'Tuerm B' (2008)

Déi 4,50 m héich Skulptur erënnert un eng Planz déi sech mat zwéin Äscht no uewe streckt, an engem drëtten Aascht, deen no ënne wiisst.

D'Skulptur dréit keng Signatur vum Kënschtler.

Si war 1963 erausgesicht gi fir als Monument du millénaire vun der Stad Lëtzebuerg um Bockfiels opgestallt ze ginn, wat awer net geschitt ass.

Historique änneren

Déi deemoleg Regierung an d'Stad Lëtzebuerg haten decidéiert fir 1963, bei der Geleeënheet vun der Joerdausenfeier vun der Stad Lëtzebuerg, e Monument um Bockfiels, op där Plaz wou dem Siegfried seng Buerg stoung, opzeriichten.

Et gouf e Concours organiséiert, bei deem de Jury dem Lucien Wercollier seng Skulptur Croissance zeréckbehalen hat.

Wéi d'Plattform fir d'Monument preparéiert gouf (Plate-forme du millénaire), sinn d'Aarbechter op Grondmauere vun der fréierer Buerg gestouss. Et gouf dunn decidéiert, dës Iwwerreschter ze konsolidéieren a bis op Meterhéicht erop ze bauen. Déi ganz Plaz gouf duerno zum Monument du millénaire (Monument vun der Joerdausendfeier vun der Stad Lëtzebuerg) ernannt.

Dem Wercollier seng Skulptur gouf net um Bock, mä um Kierchbierg virum Europäesche Geriichtshaff opgestallt. No 2000, wéinst dem Chantier vum Ausbau vum Geriichtsgebai, ass d'Skulptur um Wues hanner dem Gebai, laanscht d'Fort Niedergrünewald-Strooss, installéiert ginn, bis se 2009 wéinst dem Chantier an där Strooss nees ewechgeholl gouf.

Se gouf duerno um Boulevard Konrad Adenauer erëm opgestallt.

Quellen änneren

Kuckt och änneren

Aner Skulpture vum Lucien Wercollier an der Stad Lëtzebuerg:

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Um Schëld bei der Skulptur steet: La Croissance. An der Literatur fënnt ee Croissance.