Parc Tony-Neuman
Park mat Arboretum um Lampertsbierg
De Parc Tony-Neuman ass e Park mat Arboretum um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg. Den Tony Neuman huet de Park vun 1959 u vu sengem Gäertner Alphonse Hollman[1] hanner senger Villa uleeë gelooss.
![]() E Kierelter (Cornus mas) am Park | |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Lampertsbierg |
Koordinaten | 49°37'14,12"N, 6°6'38,81"O |
Ugeluecht | 1959 |
Bauhär | Tony Neuman |
Genannt no | Tony Neuman |
![]() |
Per Testament huet den Neuman d'Villa mam Park dem Roude Kräiz hannerlooss. De Park Neuman gëtt vun der Stad Lëtzebuerg betreit an ass fir jiddwereen op.
Skulpturen am Park änneren
- Île de Pâques vum Shamaï Haber
- La Grande musicienne vum Henri Laurens
- L'envol a L'éternel féminin vum Lucien Wercollier
Literatur änneren
- Hollman, Alphonse[2] & Marcel Schroeder, 1997. Parc Tony Neuman (Joyaux botanique au centre de la ville de Luxembourg, réalisé à partir de 1948 par Me Tony Neuman, notaire, Henri Luja, architecte-urbaniste, et Alphonse Hollman, jardinier en chef). AAT-Info 53, supplément. Éd. AAT - Garten und Teichfreunde Luxemburgs. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg. 64 pp.
- Engel, Marcel, Edmond Lorang, Emmanuel Tesch, Henri Ahlborn, Henri Loutsch, Joseph-Emile Muller, 1980. Tony Neuman, Croix-Rouge luxembourgeoise an ARBED. Imprimerie Centrale, Lëtzebuerg.
- Schmitt, Anne, 2001: Le Parc Tony Neuman. La décharge transformée. In: Robert, Theisen, 2001. Luxembourg sculptures. Éditions Ilôts, Steesel, ISBN 2-87996-932-8, Ss. 94-99
- Ruppert, Rita, 2017: „Nichtstun gab es bei mir nie“ - Alphonse Hollman hat den Park Tony Neuman in Limpertsberg angelegt op wort.lu, gekuckt den 20. Juni 2017
Um Spaweck änneren
Commons: Parc Tony-Neuman – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Den Alphonse Hollman war vun 1958 bis 1979, dem Doudesjoer vum Tony Neuman, säi private Gärtner. Duerno war hien nach bis zu senger Pensioun am Joer 1990 Gärtner am Service des parcs vun der Stad Lëtzebuerg fir den Tony-Neuman-Park zoustänneg. Quell: Manuskript zu enger Visite guidée vum Alphonse Hollman, an der Botanescher Sektioun vum Naturmusée.
- ↑ Den Alphonse Hollman war Privatgäertner vum Tony Neuman an huet éischt detailléiert Beschreiwunge vum Tony-Neuman-Park an den Nummeren 23 a 24 vun AAT-Info publizéiert. Quell: Hollman & Schroeder 1997 an der Literatur.