La rampante

Skulptur vum Lucien Wercollier

La rampante ass eng monumental bronze Skulptur vum Lucien Wercollier, déi um Campus Geesseknäppchen an der Stad Lëtzebuerg, tëscht dem Lycée Michel-Rodange an dem Kolléisch steet.

La rampante
La rampante um Campus Geeseknäppchen. Hanne riets ass de Kolléisch ze gesinn.
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Campus Geesseknäppchen
Material Bronz
Kënschtler Lucien Wercollier
Signatur op der Rampante.

D'Skulptur erënnert un e wuerm- oder schlaangenänlecht Déier, dat sech krëmmt an opriicht.

La rampante gëtt vun de Schüler de Wiermchen genannt. Si ginn sech Rendez-vous beim Wuerm.

Historique änneren

D'Skulptur ass 1962 am Optrag vun der Regierung beim Bau vum ‘neie Kolléisch’ um Geesseknäppchen entstanen.

De Wercollier huet dës Skulptur an zwou Versioune geschaaft:

  • eng kleng Ausféierung, 1,40 m laang, déi eng Zäit hanner sengem Haus um Briddel stoung, an der Strooss déi spéider no him benannt gouf (rue Wercollier); 1977 gouf se vum Saarlandmuseum (Moderne Galerie) zu Saarbrécken opkaaft.
  • eng grouss, 4 m laang monumental Versioun, déi am Bannenhaff (Patio) vum neie Kolléisch sollt opgestallt ginn, wat awer net geschitt ass[1].

1964 gouf La rampante zu Lausanne ausgestallt.

1971 gouf se virun der Entrée vum Lycée Michel-Rodange installéiert.

Wéi an den 1990er Joren op där Plaz e Pavillon (Container) mat Schoulsäll opgeriicht gouf, huet d'Skulptur missen deplacéiert ginn. Si koum dunn op hir haiteg Plaz um Campus, ronn 100 m vun der éischter Plaz ewech, tëscht dem Lycée Michel-Rodange an dem Kolléisch.

Kuckt och änneren

Aner Skulpture vum Lucien Wercollier an der Stad Lëtzebuerg:

Referenzen änneren

  1. J.-É. Muller 1983, S. 114.

Literatur änneren

  • Joseph-Émile Muller, 1976. Lucien Wercollier. Collection: Les Maîtres de la Sculpture Contemporaine. Arted, Éditions d'Art, Paris. 49 S. an 80 schwaarz-wäiss Fotoe vun enger Auswiel vum Wercollier senge Skulpturen. Tafel 24: La Rampante.
  • Joseph-Émile Muller, 1983. Lucien Wercollier. Publication de la section des arts et lettres de l'Institut grand-ducal-Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul. 132 S. (Mat schwaarz-wäissen a faarwege Fotoe vun enger Auswiel vum Wercollier senge Skulpturen. S. 24-26: La Rampante).
  • Léon Blasen, 1985. Zwei Monumentalskulpturen von Lucien Wercollier: "La Rampante" (Lycée Michel Rodange) und "Croissance" (Europäischer Gerichtshof auf dem Kirchberg). Télécran Nr. 27 (6.-12.7.1985), S. 12-13.
  • Claude Meisch, 2011. «La rampante» de Lucien Wercollier au campus Geesseknäppchen. annALes Athénée de Luxembourg - d'annALe vum Staadter Kolléisch, vol. 4/2010-2011, p. 350-351.