Le prisonnier politique

Skulptur vum Lucien Wercollier

Le prisonnier politique ass den Numm vun enger monumentaler Skulptur vum Lucien Wercollier, déi et an dräi Versiounen, allen dräi am Bronze, gëtt. Déi bekanntst Versioun steet an der Stad Lëtzebuerg um Nikloskierfecht beim Hinzerter Kräiz.

Le prisonnier politique
Um Nikloskierfecht: de Prisonnier politique an am Hannergrond, d'Hinzerter Kräiz
Typ Skulptur
Plaz Nikloskierfecht, Nationale Resistenzmusée, Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster
Koordinaten 49°36'54,5152"N, 6°7'9,9826"O
Ageweit 1959
Material Bronz
Kënschtler Lucien Wercollier
De Prisonnier politique an der Abtei Neimënster.

D'Skulptur stellt a stiliséierter Form e politesche Gefaangenen duer, deem seng Hänn um Réck festgebonne sinn. No laangem Stoe léisst d'Kraaft no, d'Knéie béie sech duerch an de Réck gëtt kromm.

D'Skulptur gouf 1949 vum Wercollier geschaf, nom Modell vun enger klenger hëlzener Skulptur, déi e franséische Matgefaangenen him Enn 1942 am KZ Hinzert geschenkt hat.

Versioune vun der Skulptur änneren

Historique änneren

  • Am KZ zu Hinzert, wou de Lucien Wercollier vum 19. September 1942 bis am November 1943 gefaange war, huet hie materlieft wéi aner Gefaange gefoltert goufen, andeems se d'Hänn um Réck festgebonne kruten, an duerno zu zwéin, mam Réck widdereneen, ugestréckt goufen. Déi Tortur huet bis zu dräi Deeg dobaussen, am Wanter a batterer Keelt, gedauert.
  • Am Lager zu Hinzert huet de Lucien Wercollier Bekanntschaft gemaach mam Jean Daligault, engem franséische Resistenzler, Paschtouer a Kënschtler, deen am Kader vun der Nacht und Nebel-Aktioun an d'KZ-Hinzert iwwerfouert gouf. Am Dezember 1942 huet de Wercollier dem Daligault, deen als NN-Gefaangene kee Colis vu senger Famill duerft kréien, Iessen aus sengem Krëschtdagspak matginn.
  • Als Merci huet den Daligault dem Wercollier eng kleng Skulptur geschenkt, déi hien aus Reschter Holz geschnëtzelt hat: si besteet aus zwéi Gefaangen, déi mat verbonnenen Hänn, mam Réck uneneegestréckt sinn.
  • De Wercollier huet dës Skulptur a senge Saache verstoppt, fir se am November 1943 op Lëtzebuerg matzebréngen (gläich duerno gouf hien an d'KZ vu Lublin deportéiert). D'Skulptur vum Daligault ass haut (2008) am Besëtz vun der Famill Wercollier.
  • Nom Krich huet de Wercollier de Prisonnier politique nom Modell vun engem vun deenen zwéi Gefaangene vun der Skulptur vum Daligault sculptéiert.

Quellen änneren

  • Fir d'Skulptur vum Wercollier:
  • Fir d'Skulptur vum Jean Daligault:
    • Christian Dorrière, 2001. L'abbé Jean Daligault. Un peintre dans les camps de la mort. Les Éditions du Cerf, Paräis. 164 S. ISBN 2-204-06631-1.
    • Luigi Peruzzi, 2002. Mes Mémoires. Un antifasciste italien déporté au SS-Sonderlager Hinzert raconte. Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht. 398 S. (Mat historeschen Annotatioune vum Denis Scuto. Op Franséisch iwwersat vum Véronique Igel). ISBN 2-87964-056-3.

Kuckt och änneren

Aner Skulpture vum Lucien Wercollier an der Stad Lëtzebuerg:

Fotoen änneren