De Copernicus (Bayer-Bezeechnung Rho1 Cancri, Flamsteed-Bezeechnung 55 Cancri, kuerz: 55 Cnc) ass en Duebelstäresystem, dee ronn 41 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech am Stärebild Cancer läit. De System besteet aus dem Gielen Zwerg Copernicus A an dem Rouden Zwerg Copernicus B. Mat fënnef bekannten Exoplanéite gehéiert de Copernicus am Ament zu de gréisste bekannte Planéitesystemer baussenzeg vun eisem Sonnesystem.

Copernicus
Copernicus A an de Planéit Janssen (kënschtleresch Duerstellung).
Stärebild: Cancer (Cnc)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun A= 08h 52m 36s
B= 08h 52m 41s
Deklinatioun A= + 28° 19' 51"
B= + 28° 19' 59"
visuell Magnitude A= 5,80 mag
B= 13,15 mag
Spektralklass: A= G8 V
B= M3,5-4 V
Astrometrie
Radialvitess: ?
Parallax: ?
Distanz ?
Liichtkraaft A= 0,63 mag
B= 0,0076 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: A= 0,95 ± 0,10 M☉
B= 0,13 M☉
Radius: A= 0,96 R☉
B= 0,30 R☉
Metallizitéit: ?
Uewerflächentemperatur ?
Aner Bezeechnungen
Bonner Duerchmusterung BD +28° 1660
GJ GJ 324
Bright Star Catalogue HR 3522
Flamsteed-Bezeechnung 55 Cancri
Henry-Draper-Katalog HD 75732
Hipparcos-Katalog HIP 43587
LHS LHS 2062
LHS 2063
SAO SAO 80478
Tycho-Katalog TYC 1949/2012/1
Weider Katalogen Bayer = ρ1 Cancri

Physikalesch Eegenschaften änneren

Copernicus A änneren

De Copernicus A (55 Cnc A) ass mat engem Radius vun 0,96 Sonneradie souwuel eppes méi kleng, wéi och méi liichtschwach wéi eis Sonn. Béid Stäre gehéieren zu der Spektralklass G, de Copernicus A ass awer mat G8 een eppes méi spéide Ënnertyp wéi d'Sonn mat G2. Dee klengen Ënnerscheed kënnt duerch déi géigeniwwer der Sonn eppes méi kill Uewerflächentemperatur vun ongeféier 5300 °C (5570 ± 50K) zoustanen. De Stär huet keng resp. bal keng Verännerlechkeet a wéineg Ausstralung vu senger Chromosphär. Hie gehéiert wéi och d'Sonn zu den Haaptreiestäre vun der Liichtkraaftklass V. En ass deemno an der stabiler Phas vum Waasserstoffbrennen. D'Ofwäichunge vun de physikalesche Parameter tëscht Copernicus A an der Sonn sinn am Wiesentlechen duerch déi ënnerschiddlech Stäremasse bedéngt. Dat spigelt sech och an der Lag vun de Stären zueneen op der Haaptrei zeréck. D'Mass vum Copernicus A ass ongeféier 0,95 Sonnemassen. Dofir ass de Stär ronn 12 Mrd. Joer, a soumat knapps eng Mrd. Joer méi laang wéi d'Sonn, an der Haaptrei.

Um Enn vu sengem Liewe wäert de Copernicus A seng Reserve vu Waasserstoff verbraucht hunn an den Zoustand vun engem Roude Ris erreechen, deen déi bannenzeg Planéiten absorbéiere wäert, fir da schliisslech e Wäissen Zwerg ze ginn.

Copernicus B änneren

De Copernicus B ass e rouden Zwergstär vun der Spektralklass M3 a läit op enger Distanz vun 1065 AE vum Copernicus A ewech. Seng Mass entsprécht 0,13 Sonnemassen a säin Duerchmiesser ass 0,3 Sonnenduerchmiesser. Déi schwaach Liichtkraaft mécht ongeféier 1 % vun der Copernicus A-Liichtkraaft aus. Obwuel et net sécher ass, gëtt et Unzeechen, datt et sech beim Copernicus B selwer och ëm en Duebelstäresystem handelt.

Numm Duerchmiesser
[Mio. km]
Radius
[R]
Mass
[M]
Liichtkraaft
[L]
Spektralklass
Copernicus A 1,32 0,96 0,95 0,63 G8 V
Copernicus B 0,42 0,30 0,13 0,0076 M3,5-4 V
Sonn 1,39 1,0 1,0 1,0 G2 V

Planéiten änneren

De Copernicus A gëtt vun op d'mannst fënnef Planéiten ëmkreest[1]. Si loosse sech dobäi a véier bannenzeg an ee baussenzege Planéit andeelen. D'Benennung war am Ufank– wéi gewinnt – an der Reiefolleg vun hirer Entdeckung: 55 Cancri b, -c, -d, -e an -f. Am Dezember 2015 kruten d'Planéiten an hiren Zentralstär, no enger ëffentlech ausgeschriwwener Ofstëmmung, all en Numm vun der I.A.U.. D'Benennung koum op Virschlag vun der Koninklijke Nederlandse Vereniging voor Weer- en Sterrenkunde. Et sinn Nimm vun Astronomen an Optiker aus der Renaissance.

Planéit
(no der Distanz vum Zentralstär)
Entdeckungsjoer Mass
(an MJ)
Ëmlafzäit
(an Deeg)
Grouss Hallefachs
(an AE)
Exzentrizitéit
Janssen (55 Cancri e) 2004 >0,034 ± 0,0036 0,7365 ± 0,0001 0,0156 ± 10−6 0,07 ± 0,06
Galileo (55 Cancri b) 1996 >0,824 ± 0,007 14,65162 ± 0,0007 0,115 ± 0,0001 0,014 ± 0,008
Brahe (55 Cancri c) 2002 >0,169 ± 0,008 43,93 ± 0,021 0,240 ± 4,5×10−5 0,086 ± 0,052
Harriot (55 Cancri f) 2007 >0,144 ± 0,04 260 ± 1,1 0,781 ± 0,007 0,2 ± 0,2
Lipperhey (55 Cancri d) 2002 >3,835 ± 0,08 5218 ± 230 5,77 ± 0,11 0,025 ± 0,03

Mat wuessender Distanz vun hirem Zentralstär sinn et:

 
Verglach vun de visuelle Gréissten an Hellegkeete vum Copernicus A.
 
Planéitesystem vum Copernicus A an eisem Sonnesystem an der Géigeniwwerstellung.
 
Verglach vun de bannenzege Planéitebunnen.

Janssen änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Janssen (Exoplanéit) 


De Janssen ass en Exoplanéit. Seng Mass (0,034 Jupitermassen) beweegt sech genee op der Grenz tëscht Gasris an äerdänleche Planéit. Et kéint sinn, datt dëse Planéit eng Aart "Superäerd" ass. Hie beweegt sech an nëmmen 18 Stonnen ëm säi Mammestär, mat enger Exzentrizitéit vun 0,07. Am Fall wou de Planéit eng fest Uewerfläch hätt, wier se warscheinlech mat Vulkaner a Lavastréim duerchsat.

Och am Fall, wou de Planéit äerdänlech wier, wier hie mat enger Distanz vun nëmmen 0,016 A.E. vill ze no bei sengem Stär, fir datt op him Liewen existéiere kéint. D'Uewerflächentemperatur misst bei där Distanz 1200 °C waarm sinn. De Janssen gouf am Joer 2004 entdeckt.

Galileo änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Galileo (Exoplanéit) 


De Planéit Galileo gouf 1996 als éischte Planéit vum System entdeckt. Seng Mass entsprécht ongeféier 0,82 Jupitermassen. Seng Ëmlafbunn huet eng grouss Hallefachs vun 0,115 AE an eng Exzentrizitéit vun 0,014. D'Ëmlafzäit dauert 14,65 Deeg.

Brahe änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Brahe (Exoplanéit) 


De Planéit Brahe gouf 2002 entdeckt. Seng Mass entsprécht 0,16 Jupitermassen, hien ass domat eppes méi kleng wéi de Saturn. Seng bal kreesfërmeg Ëmlafbunn (Exzentrizitéit vun ongeféier 0,086) huet eng grouss Hallefachs vun 0,24 AE. Seng Ëmlafzäit ass 44,34 Deeg.

Harriot änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Harriot (Exoplanéit) 


De 6. November 2007 huet en amerikanescht Astronomenteam mam Harriot de fënnefte Planéit ëm de Copernicus A entdeckt[2]. Op him kéint et flëssegt Waasser ginn, well hien an der bewunnbarer Zon läit. Warscheinlech ass et awer e Gasris, deen awer Mounde mat enger fester Uewerfläch kéint hunn.

Deen nei entdeckte Planéit huet ongeféier déi hallef Mass wéi de Saturn a kreest an 260 Deeg eemol ëm seng Sonn Copernicus A.

Lipperhey änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Lipperhey (Exoplanéit) 


De Planéit Lipperhey gouf 2002 entdeckt. Seng Mass huet ongeféier 3,8 Jupitermassen. De Lipperhey ass méi massiv wéi déi aner véier Planéiten zesummen a kéint och eng stabiliséierend Roll fir d'Planéitesystem spillen, wéi de Jupiter an eisem Sonnesystem. Mat enger grousser Hallefachs vu 5,77 AE bei enger Exzentrizitéit vun ongeféier 0,025 läit de 55 Cancri d och bal an der selwechter Distanz wéi bei eis de Jupiter. D'Ëmlafzäit dauert ronn 5218 Deeg.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: 55 Cancri – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. (en) 55 Cnc – Notiz bei Extrasolar Planets Encyclopaedia
  2. Sonnensystem mat op d'mannst fënnef Planéiten – Artikel bei pro-physik.de, vum 8. November 2007